Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

The Beatles am Look vun hirem Sergeant Pepper (Summer 1967)

Sgt. Pepper's Lonely Hearts Club Band - The Beatles

Véier Grammy's, e Riesenopwand an der Produktioun, d'Faarwe vum summer of love, e Cover, deen, wéi den Album, Kult gëtt: d'Beatles drécken dem Summer 1967 hire Stempel op! 
"A splendid time is guaranteed for all" séngt de Paul McCartney am Lidd iwwert de Mr. Kite. "Sgt. Pepper" gëtt wéi keen anert Beatles-Wierk den deemolegen Zäitgeescht erëm: d'britesch Insel an d'amerikanesch west coast sinn an Opbrochstëmmung, déi jonk Generatioun rifft no love and peace, d'Drogenapostel, wéi den Timothy Leary priedegen de Konsum vun LSD als Kreativléisung. An d'Beatles sinn e populäre Megaphon fir all dës Astellungen. Natierlech maache si sech domadder net nëmme Frënn a Lidder wéi "Lucy In The Sky With Diamonds" oder "A Day In The Life"  sinn ë.a. bei der BBC staark ëmstridden.

Den US-Magazin Rolling Stone huet "Sergeant Pepper's Lonely Hearts Club Band" a senger 500 Greatest Albums Of All Time op d'Nummer Eent gesat. Och de Cover fir opzeklappen ass mat engem Grammy ausgezeechent ginn.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen