Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

The Beatles am Look vun hirem Sergeant Pepper (Summer 1967)

Sgt. Pepper's Lonely Hearts Club Band - The Beatles

Véier Grammy's, e Riesenopwand an der Produktioun, d'Faarwe vum summer of love, e Cover, deen, wéi den Album, Kult gëtt: d'Beatles drécken dem Summer 1967 hire Stempel op! 
"A splendid time is guaranteed for all" séngt de Paul McCartney am Lidd iwwert de Mr. Kite. "Sgt. Pepper" gëtt wéi keen anert Beatles-Wierk den deemolegen Zäitgeescht erëm: d'britesch Insel an d'amerikanesch west coast sinn an Opbrochstëmmung, déi jonk Generatioun rifft no love and peace, d'Drogenapostel, wéi den Timothy Leary priedegen de Konsum vun LSD als Kreativléisung. An d'Beatles sinn e populäre Megaphon fir all dës Astellungen. Natierlech maache si sech domadder net nëmme Frënn a Lidder wéi "Lucy In The Sky With Diamonds" oder "A Day In The Life"  sinn ë.a. bei der BBC staark ëmstridden.

Den US-Magazin Rolling Stone huet "Sergeant Pepper's Lonely Hearts Club Band" a senger 500 Greatest Albums Of All Time op d'Nummer Eent gesat. Och de Cover fir opzeklappen ass mat engem Grammy ausgezeechent ginn.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • After The Goldrush - Neil Young

    Kuerz nodeems de Neil Young den Trio Crosby, Stills a Nash ergänzt, brengt de Kanadier am September 1970 dësen drëtte Solo-Album eraus.

  • The Lamb lies down on Broadway - Genesis

    En dueblen Album mat Theme wéi Perséinlechkeetsspaltungen, Paradäis, Hell, Wouerecht a Fantasie

  • So - Peter Gabriel

    No Genesis hat de Peter Gabriel kee Problem, fir am Rock- a Popgeschäft Fouss ze faassen. Mat senge Solowierker huet hie Kritiker a Fans begeeschtert.

  • Tommy - The Who

    De Studioalbum (1969) geet als déi erfollegräichste Rockoper an d’Musekgeschicht an.

  • A Night at the Opera - Queen

    Den Album gehéiert zu de beléifste vun der Rock Band. Progressive Rock, Balladen a Music Hall Stiler, wéi Hard Rock Nummere sinn drop ze fannen.

  • The Doors - The Doors

    Mat "Light My Fire", "The End", "Break On Through" oder dem Brecht/Weil-Titel "Alabama Song" iwwerzeege The Doors op hirem Debutalbum.

  • Brothers in Arms - Dire Straits

    Ee vun deenen éischten Albumen aus der Rockgeschicht, deen 1985 als CD an och komplett digital opgeholl gouf.

  • The Songs Of Leonard Cohen - Leonard Cohen

    Fieder + Gittar: dem kanadesche Schrëftsteller säin Debutalbum gëtt 1967 en enormen Erfolleg am Beräich Songwriting.

  • The Wall - Pink Floyd

    E Konzept-Album, deen déi perséinlech Einsamkeet an Isolatioun thematiséiert.

  • Déjà Vu - Crosby, Stills Nash & Young

    3+1 = Crosby, Stills a Nash + Young! Den Debut-Album "Déjà Vu" (1970) mécht de Quartett weltwäit bekannt.

  • Chicago Transit Authority - Chicago

    D'Rockband with Horns gouf zur Legend am Jazz-Rock

  • Aqualung - Jethro Tull

    Dee véierten Album (Abrëll 1971) vun der britescher Band rondrëm hire Mastermind Ian Anderson

  • Horses - Patti Smith

    En Album, deen déi nach jonk Punk-Bewegung sollt staark inspiréieren. Fir d'Rockpoetin Patti Smith selwer ass et danzbare Rock'n'roll.

  • Pet Sound - The Beach Boys

    Am Mee 1996 kënnt deen 11. Studioalbum vun de Beach Boys eraus. Produzéiert vum Brian Wilson.

  • Transformer - Lou Reed

    "Walk On The Wild Side" - wou nuets aus dem he e she gëtt - ass den dominanten Iwwersong.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen