Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Blue - Joni Mitchell

"Blue" ass de véierte Studioalbum vun der kanadescher Sängerin a Songwriterin Joni Mitchell. Den Album aus dem Joer 1971 koum sengerzäit an den US op déi 15. Plaz vun den Album Charts.
Mä haut ass den Album e Klassiker am Genre, mat Lidder, déi Geschicht geschriwwen hunn, wéi: "A Case of You", "California", "Little Green", "Blue", "Carey", oder och nach aner Lidder, déi awer net als Single erauskoumen, wéi "River". Dëse Song ass ee vun deene meescht gecoverte Lidder vum Joni Mitchell. Den Album "Blue" huet zënterdeem säi Wee gemaach, esou datt d’Fachzäitschrëften nach haut driwwer schreiwen. De Rolling Stone huet 2012 dem Joni Mitchell hire "Blue" op déi zweete Plaz vun de “Women who rock: The 50 Greatest Female Albums of all time”, gesat.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen