Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Sylvia Camarda

Déi lëtzebuergesch Dänzerin a Choreografin Sylvia Camarda gouf deeselweschten Dag gebuer, wéi den Auteur H.G. Wells, den Acteur Kiefer Sutherland, den Télés-Moderator Jean Pütz, den Horror-Auteur Stephen King, de Serie-Schauspiller Larry Hagman (J R Ewing- Dallas ) an de Kult Schauspiller Bill Murray (Ghostbusters etc.).
An der Stad Lëtzebuerg als Italienerin gebuer, huet d’Sylvia Camarda Enn den 90er Joren déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.
Schonn ëmmer war déi bekannten Dänzerin, déi ënnert anerem vun 2005 bis 2006 beim Cirque du Soleil war a fir den erfollegräiche Spektakel DELIRIUM zoustänneg ass, ee riesege Pop- a Musekfan.
An hirem Beruff kënnt een nawell vill an der Welt ronderëm an et huet een am Danzen ëmmer och mat Musek ze dinn: Madonna, David Bowie, Rammstein ... sinn Artisten, déi se op hire Reesen a bei hire Projete stänneg begleeden. Sief dat, wann d’Sylvia Camarda mam Jan Fabre schafft, oder wa si zu Paräis, an Däitschland, hei am Land, zu New York oder och mol zu Tokyo optrëtt.
Musek ass e permante Begleeder an der bekannter Dänzerin hirem stressegen an Adrenalin-geluedene Liewen.
Eng poppeg a faarweg musikalesch Visittekaart, déi d’Sylvia Camarda dem Mike Tock gëtt.

Rezent Emissiounen

  • De Rosch Mirkes

    Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.

  • De Pol Belardi

    Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.

  • D'Geiistin Sandrine Cantoreggi

    Vill Klassik an e bëssen Jazz

  • Den David Ianni

    De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.

  • De Paul Thiltges

    Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.

  • De Kid Colling

    De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.

  • Den Damien Sagrillo

    De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.

  • D'Sopranistin Mariette Lentz

    Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz 

  • De Guy Frisch

    De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.

  • Fernand Weides

    De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.

  • De Jeff Mack

    De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.

  • D'Lydia Rilling

    D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.

  • De Marc Jacoby

    Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.

  • D'Cathy Krier

    Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.

  • Monique Melsen

    Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen