Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.
Musikalesch Visittekaart
Sylvia Camarda
Déi lëtzebuergesch Dänzerin a Choreografin Sylvia Camarda gouf deeselweschten Dag gebuer, wéi den Auteur H.G. Wells, den Acteur Kiefer Sutherland, den Télés-Moderator Jean Pütz, den Horror-Auteur Stephen King, de Serie-Schauspiller Larry Hagman (J R Ewing- Dallas ) an de Kult Schauspiller Bill Murray (Ghostbusters etc.).
An der Stad Lëtzebuerg als Italienerin gebuer, huet d’Sylvia Camarda Enn den 90er Joren déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.
Schonn ëmmer war déi bekannten Dänzerin, déi ënnert anerem vun 2005 bis 2006 beim Cirque du Soleil war a fir den erfollegräiche Spektakel DELIRIUM zoustänneg ass, ee riesege Pop- a Musekfan.
An hirem Beruff kënnt een nawell vill an der Welt ronderëm an et huet een am Danzen ëmmer och mat Musek ze dinn: Madonna, David Bowie, Rammstein ... sinn Artisten, déi se op hire Reesen a bei hire Projete stänneg begleeden. Sief dat, wann d’Sylvia Camarda mam Jan Fabre schafft, oder wa si zu Paräis, an Däitschland, hei am Land, zu New York oder och mol zu Tokyo optrëtt.
Musek ass e permante Begleeder an der bekannter Dänzerin hirem stressegen an Adrenalin-geluedene Liewen.
Eng poppeg a faarweg musikalesch Visittekaart, déi d’Sylvia Camarda dem Mike Tock gëtt.
Rezent Emissiounen
-
De Rosch Mirkes
Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.
-
De Pol Belardi
Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.
-
D'Geiistin Sandrine Cantoreggi
Vill Klassik an e bëssen Jazz
-
Den David Ianni
De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.
-
De Paul Thiltges
Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.
-
De Kid Colling
De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.
-
Den Damien Sagrillo
De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.
-
D'Sopranistin Mariette Lentz
Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz
-
De Guy Frisch
De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.
-
Fernand Weides
De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.
-
De Jeff Mack
De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.
-
D'Lydia Rilling
D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.
-
De Marc Jacoby
Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.
-
D'Cathy Krier
Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.
-
Monique Melsen
Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen