Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Fredericks Goldman Jones - Jean-Jacques Goldman, Carole Fredericks, Michael Jones

An den 90er Joren huet dësen Trio an de franséischsproochege Länner richteg ageschloen, wéi all d'Albumen aus der Fieder vum Jean-Jacques Goldman an de Jore virdrun. Eigentlech hunn d’Carole Fredericks an de Michael Jones scho méi laang zum Goldman senger Band gehéiert, mä d’Iddi war, nom Goldman sengem "Album Entre gris clair et gris foncé", deenen aneren zwee Museker méi Plaz ze loossen.
D’Resultat ass e gelongenen Album, ganz variatiounsräich am Genre, mä och ganz engagéiert. En Titel wéi "Né le 17 à Leidenstadt" ass eng Reflektioun iwwert de Zivilcourage a Krichszäiten. "Nuit, A nos actes manqués" a "Juste après", si weider bekannten Titele mat vill Poesie, déi vu soziale Problemer, Aarmut an Ongerechtegkeeten handelen.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen