Generator

De jonke Sujet um radio 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... a villes méi

Generator

Haut gëtt geslamt am Studio: De Yannick Schumacher schwätzt iwwert säin Hobby dem Poetry Slam an dréit live am Studio en Text vir. Mir hunn eis mam Maxi Pesch iwwert d’Attentater zu Bréissel ënnerhalen. Hatt war fir de radio 100,7 op der Plaz an huet sech e Bild vun der Situatioun gemaach. Den Andy Eagle, deen den Ament e Stage beim radio 100,7 mécht, schwätzt iwwert seng Erwaardungen an Erfahrungen, déi e bis elo gemaach huet. A mir stellen den Achal Murti vir. Hien ass e Lëtzebuerger Kënschtler mat indesche Racinnen a studéiert Musektherapie op der Berklee Universitéit. 

Rezent Emissiounen

  • Generator

    Mir schwätzen haut iwwer Yoga an et gëtt en Abléck an d'Museksredaktioun vum radio 100,7.

  • Generator

    Et geet ëm en Elektro-Festival hei zu Lëtzebuerg an ëm eSports.

  • Generator

    De Sébastien ass fir e gudden Zweck mam Vëlo vun Esch op Roum gefuer an ass am Studio op Besuch. Donieft ginn et nach zwou Filmkritiken.

  • Generator

    Et geet ëm d'Mini-Entreprise Say It an de BD Festival leschte Weekend zu Contern.

  • Generator

    Scavenger's Lunch sinn op Besuch. Donieft geet et ëm d'Organisatioun SOS Faim an e Gemeinschafts-Bongert.

  • Generator

    Mir kucken dës Woch op komplex Kaartespiller an d'Ëmwelt ass en Thema.

  • Generator

    De Rapper Brebo ass op Besuch. Donieft geet et ëm d'Associatioun Narin an de Projet Äerdschëff.

  • Generator

    Et geet ëm den ClimateXchange-Rapport an ëm Magic Bombs.

  • Generator

    Mir schwätzen iwwer Drogen- an Alkohol-Mëssbrauch, iwwer de Siren's Call a Vakanzenjobben.

  • Generator

    Zwee Museker stellen hier nei Titele fir an et gëtt e Commentaire zu Videospiller.

  • Generator

    Déi Jonk Museker vun Dessy Mesk sinn am Studio. Donieft gëtt et och e Reportage zu intergeschlechtleche Mënschen.

  • Generator

    Fake News, Lego a Provokatioun sinn dës Kéier Thema.

  • Generator

    Invitée sinn den éisträichesche Fotograf David Uzochukwu an de Lëtzebuerger Schifuerer Matthieu Osch.

  • Generator

    Et gëtt dës Kéier an der Kichen iwwer Gläichberechtegung diskutéiert a Kugelstoussen ass en Thema.

  • Generator

    Et gëtt an der Kiche vum radio 100,7 nees debattéiert an den Tom erzielt firwat en ënnert dem Numm "The Happy Man Project" vu Köln bis op Iechternach leeft.

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen