Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Colette Flesch

Menace vun Terroruschléi, Flüchtlingskris, Zouhuele vu rietse Kräften an Europa. Fir eng besonnesch chargéiert international Aktualitéit an d’Reaktioun vun der Politik ze kommentéieren, ass d’Colette Flesch Invitée a Riicht eraus. Mat der liberaler Politikerin, fréierer Ministesch, Europadeputéiert a Stater Buergermeeschtesch, mécht de François Aulner de Point iwwert d’Regierungsaarbecht, d’Oppositiounsaarbecht vun der CSV, sou wéi d'Defië vun der Stad Lëtzebuerg.

Mam Hashtag #RiichtEraus kënnt Dir iwwer Twitter mat diskutéieren.

Rezent Emissiounen

  • Michel Wurth

    E Brexit ouni Deal gëtt ëmmer méi realistesch. Ass déi Lëtzebuerger Ekonomie dorop virbereet? Dat froe mir de President vun der Chambre de Commerce.

  • Sam Tanson a Jo Kox

    Kultur: Eng Chefsaach? De Kulturentwécklungsplang a seng konkret Folgen: am Gespréich mat der Kulturministesch an dem Premier Conseiller de Gouvernement.

  • Mady Delvaux

    Mat der LSAP-Europadeputéiert geet et ëm déi europäesch an national Aktualitéit. A mir geheien ee Bléck zeréck op hir politesch Carrière.

  • Martine Hansen

    Mat der neier CSV-Fraktiounscheffin geet rieds iwwer d'Erneierung vun der CSV, de Koalitiounsaccord vun der neier Regierung an d'CSV-Oppositiounsaarbecht.

  • Besteierung ouni Grenzen?

    Et diskutéieren de President vum Wirtschafts- a Sozialrot (CES) Marco Wagener an de Jean-Jacques Rommes, Patronatsvertrieder am CES.

  • Kanner a Literatur - Ass Liesen nach cool?

    Et diskutéieren: Christiane Kremer, Simone Mortini, Danielle Mertes a Jhemp Hoscheit

  • Déi jonk Gard vu Blo-Rout-Gréng: Nei Akzenter oder al Rezepter?

    Et diskutéieren: Taina Bofferding, LSAP, Sam Tanson, déi gréng a Lex Delles, DP

  • Jacques Drescher

    Mam Matgrënner vun der satirescher Wochenzeitung Feierkrop gëtt déi politesch Geschicht a Géigewaart vum Lëtzebuerger "Ländchen" beliicht.

  • Gëtt et e Lëtzebuerger Konschtmarché?

    Eng Diskussiounsronn mat de Kënschtlerinnen Trixi Weis a Suzan Noesen an dem Art Week Organisateur a Galerist Alex Reding am Virfeld vun der Luxembourg Art Week.

     

  • Mr. (Alters-)President

    E Gespréich mam Gast Gibéryen, dem déngschteelsten Deputéierten, iwwer seng politesch Carrière, déi lescht Wahlen an dat, wat se ausgeléist hunn.

  • Wéi en Zukunftsprojet fir Blo-Gréng-Rout?

    Wéi ass d'Iddi vun deem Block ouni d'CSV entstanen? A wat kënnen d'DP, déi gréng an d'LSAP déi nächst fënnef Joer eventuell besser maachen?

  • De Büffel

    De Lëtzebuerger Country-Sänger Buffalo C Wayne kuckt zeréck op seng Carrière.

  • Spezial Wahlen: Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?

    Et diskutéieren: Jerry Weyer, Sam Tanson, Alex Bodry, Gilles Roth, Ali Ruckert, Pierre Gramegna, Alex Penning, Carole Thoma, Mario May.

  • Diskussiounsronn mat JournalistInnen

    Caroline Mart vun RTL, Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land a Jean-Lou Siweck vum Tageblatt

  • Gutt geschafft oder "peut mieux faire"?

    Bilan blo-rout-gréng an Ausbléck: Blanche Weber, Presidentin vum Mouveco; André Roeltgen, President OGBL; Rolf Tarrach, fréiere Rekter Uni; Michel Wurth, President UEL

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen