Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Nilton Martins

De Nilton Martins ass Lëtzebuerger Schauspiller mat portugiseschen Originnen. Hien huet bei Produktioune fir Kino, Fernseh an Theater matgewierkt. Zum Beispill war hien am Andy Bausch senge Filmer Trouble no more, La belle Epoque, an d’Fifties ze gesinn. De Nilton Martins spillt och an auslännesche Kinofilmer mat: Vum Animatiounsfilm The Prodigies, iwwer Hannah Arendt, Les Fameux Gars bis zu Fieber mam renomméierten däitschen Akteur Martin Wuttke an der Fassbinder-Schauspillerin Eva Mattes. An Theaterstécker spillt hien och mat (Pink Slip Party, Frittparade 2000) an op der Telé konnt een hien ënnert anerem an der Sitcom Weemseesdet gesinn. Als Casting Director sicht hie SchauspillerInne fir lokal an international Theater- a Film-Projeten.

A senger Fräizäit leet den Nilton Martins och als DJ Nilles op. Seng Visitekaart ass ee Pot Pourri aus méi labberen Danzlidder, Party-Matgröhler, moderner franséischer Chanson, Filmmusek a Musical-Kompositiounen. Hien ass ee grousse Fan vum Freddie Mercury. Säin nächste Kuerzfilm gëtt en Hommage un de verstuerwene Queen-Sänger.

Um Mikro vum Mike Tock verréit hie méi.

Dem Nilton Martins seng Playlëscht:

  • Top Boys: Le feu ça brûle
  • Outthere Brothers: Boom Boom Boom
  • Bon JoviIt’s my life
  • Alan SivestriForrest Gump 
  • Patrick Bruel: Qui a le droit?
  • Hans Zimmer: The Rock/Armageddon (Medley Mix)
  • Garou: Belle (Notre Dame de Paris )
  • QueenWho wants to Live forever
  • Rocky (Film Soundtrack): Going The Distance

Rezent Emissiounen

  • Marc Meyers

    Den Direkter vum Stater Conservatoire ass net nëmme begeeschtert vum Klassik- oder Blechrepertoire.

  • Erna Hennicot-Schoepges

    Virun hirer politescher Carrière war si Professesch fir Piano am Stater Conservatoire.

  • Théid Johanns

    De Kënschtler huet eng Playlëscht zesumme gestallt a mat bei de Mike Tock an de Studio bruecht.

  • Fränk Feitler

    Als fréieren Direkter vum Stater Theater ass hien dofir responsabel, dass éischt klassesch Produktiounen op lëtzebuerg komm sinn.

  • Jo Kox

    Eng eklektesch Playlist vum President vum Fonds culturel.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen