Humanities Talk

Danièle Wecker

D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbicher.

"Humanities Talk" ass e Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften. An deem Labo ginn et keng Mikroskopen, mä Dictionnairen, Bichertierm a Computermoniteuren, Kameraen an Opnamegeräter. A matzen dra sëtze Leit, déi mat detektiveschem Äifer déi Spuren analyséieren, déi d'Mënschheet hannerléisst.

Eng Kéier am Mount trëfft d'Danièle Wecker um radio 100,7 Leit aus der Welt vun de Humanities, a kënnt mat hinnen an d'Gespréich iwwert hir aktuell Projeten.

Noémie Marcus

1000 Grënn fir fortzegoen: Afrikanesch Migratioun op de Cap Vert

Et sollt just eng Escale sinn, awer de jonke Gambier Souleymane ass um Wee an eng besser Zukunft um Cap Vert hänke bliwwen. D’Noémie Marcus huet hien an aner jonk Leit während engem Openthalt vun zwee Méint zu hiren “dausend Grënn fir fortzegoen” interviewt. Déi jonk Fuerscherin huet sech awer och d’Fro gestallt, wat dëse Migratiounsphänomen fir d’kapverdesch Gesellschaft bedeit. D’Renée Wagener huet sech mat der Fuerscherin ënnerhalen.

 

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen