Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

François Koepp

Bilan 2015 Horesca

Fir den Horesca-Secteur wier 2015 een duerchwuessent Joer gewiescht, sot de Generalsekretär vun der Federatioun vun den Hotelen, RestaurantenCaféen op eiser Antenn. Dem François Koepp no hunn d’Hoteler gutt geschafft. Allerdéngs géifen se ënnert héije Kommissioune leiden, déi den Internet-Portal Booking.com géif verlaangen. Den Ëmsaz vun de Cafée wier ëm 7% zréck gaang. Bistroten an den Dierfer hätte gelidden. D’Hausse vun der TVA, mee och de Fëmmverbuet géifen dee Réckgang erkläeren, sou de Generalsekretär vun der Horesca François Koepp um Mikro vum Carole Schimmer.

Rezent Emissiounen

  • Yves Biwer

    Wien decidéiert, wéi eng Zort Quartier tëschent Esch a Schëffleng gebaut gëtt? Äntwerte vum administrativen Direkter vun der Entwécklungsgesellschaft Agora.

  • Isabelle Faber & Patrick Friedgen

    2018 hat de "Groupe de support psychologique" vu CGDIS 230 Asätz bei Affer vun Accidenter a Gewalt. D'Equipe funktionéiert mat 46 Benevoller.

  • Alain Origer

    Manner Drogendoudeger, manner HIV-Infektiounen duerch Drogen a manner Konsumente vun haarden Drogen. Detailer mam nationalen Drogen-Coordinateur.

  • Gilbert Goergen & Claude Strasser

    De President vum Postsyndikat an de Generaldirekter vun der Post diskutéieren am Kader vun de Sozialwahlen iwwer de Betrib "Post".

  • Tom Jungen

    Den neien LSAP-Generalsekretär iwwer d'Zukunft vu senger Partei

  • Nicolas Buck

    Den Nofolger vum Michel Wurth als UEL-President vun Ufank Mäerz un

  • Jean Huss

    De President vun der Asbl AKUT kommentéiert d'Kapitel Ëmwelt-Medezin aus dem Koalitiounsaccord.

  • Patrick Hurst

    Wat kann de Centre pour l'Egalité de Traitement maache fir diskriminéierte Leit ze hëllëfen? Dat froen mir den neie President vum CET.

  • Estelle Winter & Dores Azeredo - OGBL

    D'Gewerkschaftlerinnen a Botzfrae schwätzen iwwer d'Aarbechtskonditiounen an d'Revendicatiounen am Botzsecteur am Virfeld vun de Sozialwahlen.

  • Patrick Nickels

    Mir froen de President vum Verwaltungsrot vun der SNCI, no wéi enge Kritären déi staatlech Investitiounsbank Sue verléint an investéiert.

  • Lydie Polfer

    Wéi vill Wuesstem verdréit d'Stad? Dat froe mir déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

  • Professer Hans Joachim Schellnhuber

    Mam fréieren Direkter vum Potsdamer Institut fir Klimafolge-Fuerschung geet rieds iwwert wëssenschaftlech Erkenntnisser a politescht Handelen am Klimaschutz.

  • Estelle Evrard

    11,6 Millioune Mënsche liewen an der Groussregioun. Wéi reell ass fir si de geografesche Konzept? Doriwwer geet Rieds mat der Geografin.

  • Jean-Luc de Matteis OGBL & Tiago Ferreira LCGB

    Wat sinn déi grouss sozial Erausfuerderungen am Bausecteur? Am Virfeld vun de Sozialwahlen diskutéieren d'Gewerkschaftssekretären.

  • Jean-Jacques Rommes, designéierte President vum CES

    Funktionnéiert de Sozial-Dialog hei am Land? Doriwwer geet Rieds mam neien designéierte President vum Wirtschafts a  Sozialrot. 

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen