Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Rokia Traoré (Foto: None Such / Mathieu Zazzo)

Rokia Traoré - Né So

Besonnesch d'Flüchtlingsproblematik, mee och politesch a gesellschaftlech Mëssstänn kommen an den Texter vun der 40jähreger Sängerin zum Droen. Si wier sech bewosst, esou d'Rokia Traoré, datt si privilegiéiert wier, verglach mat de Milliounen Afrikaner, déi dagdeeglech ëm d'Iwwerliewe kämpfe mussen. Mat hirem Album wëll si eppes zréckginn, oprëselen, mobiliséieren - speziell an de westleche Länner. Dofir séngt si eenzel Lidder och op franséisch an op englesch, op dës Manéier stéisst hiert Uleies éischter op oppen Oueren. Presentéiert vum Fred Medernach.

Rokia Traoré, Né So, erauskomm bei Nonesuch / Warner

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen