Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Vun der éischter Nout bis bei CD

Touningenieur, Tountechniker, Tounmeeschter - an deem Gewulls vu Fachbegrëffer fënnt eng Kaz dacks hir Jonk net méi erëm. Wie mécht genee wat? Wéi sinn d’Responsabilitéite bei enger CD-Produktioun verdeelt? Wéi fonctionnéiert Zesummespill tëscht dem Produzent an den Interpreten? De Guy Engels huet sech mam Marco Battistella jr., Tounmeeschter zu Wien, iwwert de Wee vun engem CD-Projet bis bei de fäerdegen Produit ënnerhalen.  

 

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen