Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Kitshickers, We Knew John Doe & Ihsahn

Kitshickers

D’Kitshickers sinn an der alternativer Musekzeen zu Lëtzebuerg jo quasi eng Institutioun. Schonn iwwer 15 Joer sti si op der Bühn a 6 Albumen hu se well dobaussen. Dee 7. ass grad an der Maach an iwwert deen, respektiv iwwert hir nei Crowdfunding Campagne op pledgemusic.com huet den David Wagner mat hinnen am Interview vun der Woch geschwat. Dobäi hu si eng grouss Iwwerraschung ugekënnegt... Wann Dir si also wëlt am Virfeld ënnerstëtzen, surft laanscht op http://www.pledgemusic.com/projects/kitshickers2016.

We Knew John Doe

Si haten eis d’lescht Woch bëssen ugeschass. We Knew John Doe, mat hirem “we back” op Facebook, fir dann net laang duerno ze soen, datt et en Abrëllsgeck war. Wie sech Hoffnunge gemaach huet an enttäuscht gouf, dee kann awer opootmen. Et gëtt se nämlech tatsächlech erëm, wéi si dës Woch op Facebook ugekënnegt hunn. An zwar mat folgenden Detailer:

Virun e puer Méint well ass d’Entscheedung getraff ginn, d’Band nees zum Liewen ze erwächen. De fréiere Grënnungsmember a Gittarist vu Mindpatrol Xavier Hoffman ass nees mat dobäi, d’selwecht wéi d’Bassistin vu Mindpatrol Sandy Moschetti, en zweete Gittarist gëtt et net méi. Dat wäert dozou bäidroen, datt méi Syntheziser benotzt ginn an datt d’Musek méi progressiv wäert sinn. Den éischte Gig ass de 14. Mee an der Mix N Kava Bar um Belval. Ënnert dem schéine Wuertspill Metallorgy trieden deen Owend  An Apple A Day op, Retrace My Fragments, Mindpatrol an natierlech We Knew John Doe.

Album vun der Woch: Ihsahn - Arktis (8/10)

Mat Dissassembled, Mass Darkness a My Heart is of the North fänkt den Album un a weist engem vun Ufank un a wéi wäit sech den neien Album vun deene virëschten ënnerscheed. Déi 3 Lidder gi vun hire Riffer gedroen, déi meescht dovunner zimlech catchy. Allerdéngs ass alles vill méi Bass laaschteg an de Sound erënnert éischter un ee 70s Fuzz, wéi un den Overdrive, wéi een en aus dem Metal gewinnt ass. Mass Darkness - fir dat et och well e Video gëtt, a wuel als Single erauskoum - fänkt mat epeschen Harmonien an engem pakende Chorus un a léisst duerno dem thrashege Power fräie Laf, sou datt ee sech effektiv virkënnt, wéi wann ee géif an der Donkelheet verschwannen.

A propos 70s. Den Ihsahn huet och eng interessant Kombinatioun fäerdeg bruecht tëscht klasseschem Emperor Black Metal Geshreds, éischter méi klasseschem Metal  an enger Hammond Uergel….

Mat Arktis huet den Ihsahn deemno en Album geschriwwen, an deem zwar wuel den Thrash, d’Riffer an déi cruncheg Produktioun dominéieren, ma deen awer wuel fir seng Progressivitéit wäert an Erënnerung bleiwen. Dëst progressiivt Gefill entsteet nämlech net nëmmen duerch d’Hammond Uergel an den deels verzwickte Songwriting, mä och duerch déi atmosphäresch roueg Momenter

Arktis ass deemno voll mat interessante Lidder, déi tëscht haart a lues ofwiesselen an an déi vill verschidden Elementer a Stiler mat agefloss sinn. De Sound ass eventuell bëssen ongewinnt, virun allem, wann een de Kënschtler just als Frontmann vun Emperor kennt, mä dem David Wagner senger Meenung no ass dësen Album all Cent wäert.

E perfekt Beispill fir dës Ofwiesslung an d’Dynamik vum Album ass iwwregens och Celestial Violence, wat eent vun deene staarkste Lidder um Album ass.

Agenda

MooFest @ Kufa, Esch

Metal meets Reggae @ Rëmelenger Stuff, Rëmeleng

Kyrenee @ Café Little Woodstock, Iernzen

Playlist

Emperor - Curse You All Men (IX Equilibrium, Candlelight Records)

Desaster - End Of Tyranny (The Oath Of An Iron Ritual, Metal Blade)

Kitshickers - nfr (Horror Vacui, Independant)

Filter - Mother E (Crazy Eyes, Wind-Up Records)

We Knew John Doe - Our Blood Is The Ocean (A Prophecy, Independant)

Aborted - Retrogore (Retrogore, Century Media)

Ihsahn - Celestian Violence (Arktis, Spinefarm Records)

Sour Vein - Ocypuss (Aquatic Cult, Metal Blade)

Scarlet Anger - The Abominable Master Gruesome (Freak Show, Hänsel & Gretel)

Rezent Emissiounen

  • Inzest

    Den 9. Februar kënnt den Debutalbum vun der Band Inzest eraus. "Collateral Damage" heescht en.

  • Fusion Bomb - Concrete Jungle

    Am Review ass dës Woch den neien Album vu Fusion Bomb: Concrete Jungle.

  • Fusion Bomb

    Am Interview: Déi jonk Thrash Metal Band Fusion Bomb

  • Nailed To Obscurity

    Dës Kéier am Fokus: Den neien Album vun der däitscher Progressive Death Metal Band Nailed To Obscurity, Black Frost

  • Metal 2018

    Wat hat d'Joer 2018 a Punkto Metal ze bidden?

  • Metal Meltdown

  • Abstract Rapture

    An dëser Editioun steet den neien Album vun Abstract Rapture "Hollow Motion" am Mëttelpunkt
     

  • Lost In Pain

    D'Lëtzebuerger Thrasher, déi déi nächst Woch hir zéng Joer feieren, sinn am Interview.

  • Skull Pit

    Den Debutalbum vum neie Projet "Skull Pit" ënner der Lupp

  • Abstract Rapture

    Am Interview sinn den Drittt an de Spit vun Abstract Rapture; et geet ëm hiren neien Album "Hollow Motion"

  • Artillery

    Dës Kéier am Fokus: Den neien Artillery Album

  • Soulfly

    Am Mëttelpunkt steet haut deen neien Album "Ritual".

  • Opeth

    Am Mëttelpunkt steet den neie Live-Album vun der schwedescher Progressive Metal Band Opeth: "Garden of the Titans"

  • Opeth & God Dethroned

    Zwee Interviewen um Programm: De Gittarist vun Opeth, Fredrik Akesson an den Drummer vu God Dethroned, Michiel van der Plicht.

  • Metal Meltdown

    Nei Musek vun ënnert anerem Unleashed, Warkings an Disturbed.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen