Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

The answer my friend, is blowin' in the wind ...

The Freewheelin' Bob Dylan - Bob Dylan

"The Freewheelin' Bob Dylan" ass dem Museker säin zweeten Album - an et sollt gläich säin internationalen Duerchbroch ginn, kënschtleresch a kommerziell. No bal engem Joer Opnamen am Studio kënnt d’Wierk Enn Mee 1963 bei Columbia eraus, produzéiert vum John Hammond, deen als Talentscout ënnert anerem och d’Billie Holiday an de Count Basie grouss erausbruecht hat. Den Dylan sengt géint den Establishment an traditionell Wäerter, mee och d'Léift kënnt net ze kuerz. Um Cover ass hien a seng deemoleg Frëndin Suze Rotolo ze gesinn. De Fred Medernach erzielt d'Geschicht vun dësem Kultalbum.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen