Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Improvisatioun an der Klassik

Klassesch Musek, sou wéi se normalerweis hautdesdaags opgefouert gëtt, baséiert komplett op ausgeschriwwene Partituren a kennt d’Improvisatioun nëmmen als Randerscheinung. Just an der Uergelmusek huet sech eng nennenswäert Traditioun fir Improvisatioun entwéckelt. Dat war allerdéngs net ëmmer esou. Mozart, Beethoven a Chopin waren als grouss Improvisatore bekannt an d’Fantasien a Kadenzen, déi iwwerliwwert goufen, beweisen dat och. Hannergrënn vum Georges Kohnen

 

Rezent Emissiounen

  • Iessen a Musek

    "Ce que l'amour est au cœur, l'appétit est à l'estomac. L'estomac est le maître de musique qui freine ou éperonne le grand orchestre des passions ; [...] Manger et aimer, chanter et digérer sont les 4 actes de l'opéra bouffe qui a pour titre la vie [...] Celui qui la laisse s'enfuir sans en profiter n'est qu'un fou." (Gioacchino Rossini)

  • De Lord Byron an d'Musek

    Wierker vum William Sterndale Bennett, Franz Liszt, Robert Schumann, Hector Berlioz a P.I. Tschaikowsky

  • Musek fir ze dreemen

    Wéi Komponisten hir Dreem an der Musek ëmgesat hunn.

  • Hollywood

    Musek aus dem Zentrum vun der US-amerikanescher Filmindustrie

  • American Colours

    Esou villfälteg wéi d'Land, ass och seng Musek.

  • D'Gebuert vun der amerikanescher Klassik

    Gershwin an Ives, Copland a Barber sinn als amerikanesch Komponiste ville vun eis e Begrëff. Mä wéi war d'US-"Klassik" am 19. Joerhonnert?

  • La Grande Guerre

    Dacks hunn déi Kompositiounen e ganz däischtere Charakter, anerer schéngen duerch hir Liichtegkeet e Kontrast zur Realitéit schafen ze wëllen.

  • Drénkmusek

    Wéi hunn d'Komponisten d'Drénke musikalesch duergestallt?

  • De Weihnachtsoratorium vum J.S. Bach

    All Joer gëtt dem Bach säi Weihnachtsoratorium an der Chrëschtzäit opgefouert a gehéiert musikalesch einfach zu Chrëschtdag, wéi de Beemchen an den Adventskranz.

  • Spirituoso Moderato?

    Komponisten an Alkohol, oder d’Grenz tëschent Inspiratioun a Soff.

  • Perkussioun um Virmarsch

    Entwécklung un Hand vu Beispiller vu Lëtzebuerger Museker, wéi dem Joint Venture Duo, dem Pascal Schumacher an dem Christoph Sietzen

  • Spillsaachen

    Wat hu Spillsaachen an der klassescher Musek verluer?

  • Komponistefamill Stamitz

    Mam Papp Johann a sengen zwee Bouwe Carl an Anton: Wat hunn hir Wierker gemeinsam a wéi hu sech hir Kompositiounen am Laf vun de Generatiounen entwéckelt?

  • Klassesch Musek an der Science Fiction

    Eng effizient a bëlleg Filmmusek, oder stécht méi dohanner?

  • Schoul, Schüler a Meeschter

    Wéi hunn déi grouss Komponiste komponéiere geléiert?

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen