Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Metal Meltdown goes Aborted

Metal Meltdown goes Aborted

An dëser Sendung beweisen ech mat der Musek, déi lafe wäert, eemol, dass et effektiv déi brutaalste Sendung am Lëtzebuerger Radio ass. Den 22. Abrëll kënnt den neien Aborted Album Retrogore eraus an an deem Zesummenhank maache mer e Special iwwert déi belsch Death Metal Band. Mir maachen en Tour duerch hir Discography, et gëtt en Interview mam Frontmann Sven de Caluwé, an deem mer ënnert anerem iwwert den neien Album an iwwert Horrorfilmer a Serie schwätzen an et gëtt natierlech och e Review vum neien Album.

Album vun der Woch: Aborted - Retrogore (8.5/10)

Den Album vun der Woch kënnt dës Kéier natierlech vun Aborted. Retrogore ass haut erauskomm an et ass ewell den 9. Studioalbum a kuerz gefaasst kann ee just soen: Retrogore ass Aborted; Aborted si Retrogore. Wuel keng aner Death Metal Band ass méi Retro a méi gore, wéi Aborted. Hir Lidder sinn dreckeg an drëpse just sou mat den Ënnereie vun de Leit, déi si grad verbal geschluecht hunn. Sou kennt een d’Band zënter 20 Joer an dat ass och op Retrogore net anescht.

Ech kéint natierlech lo op all eenzelt Lidd agoen, mä dat mécht net vill Sënn. Retrogore ass einfach nëmme wéi gewinnt extreemst brutal, onkompromësslos straight-forward an einfach nëmme gewalteg. Retrogore ass am Fong déi logesch Weiderentwécklung vun der Band. Sou Lidder, wéi Cadaverous Collection oder Forged for Decrepitude klappen onbaarmhäerzeg op een an, fett Riffer a vigouréis Soloen, bei deenen alt nees e Krack méi lues getrëppelt gëtt, rappen ee mat a suerge fir Hengerhaut

Gory ass d’Band also wéi gewinnt, ma Retro ass se net nëmmen, well d’Horrorfilmer aus dem 80er nees als Leitmotiv gegollt hunn, mä well d’Band och bëssen an hir eege Geschicht wulle geet an esou all Elementer, déi d’Band jee ausgemaach hunn, matenee verbënnt. Dat geet also vun techneschem Geshreds iwwer brutale Grind bis hin zu de méi groovegen Deeler

Leider gëtt et op Retrogore awer och nees eng Parti Lidder, déi menger Meennung no bëssen iwwerflësseg eriwwer kommen, well se net vill Momenter hunn, déi ervirstiechen, an iergendwéi nëmmen einfach sou mat drop gepak goufen, fir d’Zäit ze fëllen. Dat ass awer och den eenzege Grond, firwat dësen Album keng 10/10 kritt. Fir de Rescht ass Retrogore en Aborted Album, wéi e si soll

Agenda

Metalfestival Koplëscht Warm Up @ Plectrum Bar, Schlammestee

Playlist

Aborted - The Sanctification of Fornication (The Puritiy of Perversion, Uxicon)

Aborted - The Holocaust Incarnate (Engineering the Dead, Listenable)

Aborted - Charted Carnal Effegy (Goremageddon: The Saw and the Carnage Done, Listenable)

Aborted - Blood Fixing The Bled (The Archaic Abattoir, Listenable)

Aborted - Retrogore (Retrogore, Century Media)

Aborted - Avenious (Slaughter & Apparatus: A Methodical Overture, Century Media)

Aborted - Ophiolatry on a Hemocite Platter (Strychnine.213, Century Media)

Aborted - Vermicular, Obscene, Obese (Global Flatline, Century Media)

Aborted - Coffin Upon Coffin (The Necrotic Manifesto, Century Media)

Aborted - Termination Redux (Retrogore, Century Media)

 

Rezent Emissiounen

  • Abstract Rapture

    Am Interview sinn den Drittt an de Spit vun Abstract Rapture; et geet ëm hiren neien Album "Hollow Motion"

  • Artillery

    Dës Kéier am Fokus: Den neien Artillery Album

  • Soulfly

    Am Mëttelpunkt steet haut deen neien Album "Ritual".

  • Opeth

    Am Mëttelpunkt steet den neie Live-Album vun der schwedescher Progressive Metal Band Opeth: "Garden of the Titans"

  • Opeth & God Dethroned

    Zwee Interviewen um Programm: De Gittarist vun Opeth, Fredrik Akesson an den Drummer vu God Dethroned, Michiel van der Plicht.

  • Metal Meltdown

    Nei Musek vun ënnert anerem Unleashed, Warkings an Disturbed.

  • Blind Guardian

    D'Re-Issues vun den éischte véier Blind Guardian Albume stinn am Mëttelpunkt.

  • Behemoth

    Am Mëttelpunkt steet den neien Album "I Loved You At Your Darkest".

  • Revocation

    Deen neien Album vu Revocation

  • MaYaN

    Am Mëttelpunkt en Interview mam Gittarist vu MaYaN, dem Frank Schiphorst.

  • The Spirit

    Am Interview héiert der haut de Frontmann vun The Spirit, déi mat hirem Debutabum direkt bei Nuclear Blast gelant sinn.

  • The Spirit

    Haut dréit sech de Review vun der Woch ëm déi nei däitsch Black Metal Band The Spirit, déi mat hirem Debut bei Nuclear Blast gelant sinn.
     

  • Mantar

    Release vun der Woch: Mantar - The Modern Art Of Setting Ablaze (8,5/10)

  • Deicide

    Deicide bréngen nees en neien Album eraus. Dofir gëtt et en Interview mam Frontmann a Matgrënner Glen Benton.

  • Mantar

    Den däitsche Sludge Duo Mantar steet am Mëttelpunkt.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen