Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

De Gerald Knaus, kreative Kapp hannert dem EU-Tierkei Ofkommes

Gerald Knaus

De Gerald Knaus, Initiateur an dreiwend Kraaft hannert dem EU-Tierkei-Ofkommes rifft de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker op, sech drëms ze këmmeren, datt d’Verspriechen aus dem Flüchtlingsofkommes elo endlech ëmgesat ginn. Et dierft net sinn, datt sech d'EU-Memberstaten net un den Deal halen, esou den Direkter vum Thinktank ESI (European Stability Initiative) am 100,7-Interview.
Et géif kee Grond ginn, datt Flüchtlinge méintelaang festhänken. D’Europäesch Unioun misst nëmmen e bësse besser organiséiert sinn. D’Ofkommes géif zwar besser wierken, wéi souguer d’Supporter geduecht hunn, op de griicheschen Insele géif et den Ament awer zum Beispill u Mataarbechter feelen, fir d’Demanden unzehuelen.
D’Versprieche vu geregelten Asylprozeduren am Kader vun den EU-Regulatioune misst elo séier ëmgesat ginn, esou den éisterräichesche Politikwëssenschaftler am Gespréich mat eisem Auslandskorrespondent zu Wien, dem Daniel Schneider.
Eng Parti Kritiken vun ONGen um EU-Tierkei Ofkommes, et géif zum Beispill zu Massenofweisunge kommen, léisst de Gerald Knaus iwwerdeems net gëllen.
 

 

Rezent Emissiounen

  • Tom Habscheid

    Mam Liichtathlet schwätze mir iwwer säi Succès bei der Para-Weltmeeschterschaft de leschte Sonndeg zu Dubai a seng Virbereedung op Tokio 2020.

  • David Wagner (déi Lénk)

    Wéi eng Rezepter hunn déi Lénk fir d'Problemer um Wunnengsmaart ze léisen? Doriwwer schwätze mir mam Deputéierten.

  • Paul Thiltges

    De President vum Verband vun de Filmproduzenten (ULPA) zu den aktuellen Diskussiounen ëm de Filmfong

  • Tom Wirion

    De Generaldirekter vun der Chambre des Métiers iwwer de Personalmanktem am Handwierk

  • Félix Eischen

    Zwee Deeg nom ausseruerdentlechen CSV-Kongress: de Generalsekretär iwwer Klima, Wuesstum, Logement ... an aner aktuell Themen

  • Sam Tanson

    Mir froen déi nei Justizministesch, ob Lëtzebuerg e Problem mat der Gewaltentrennung huet.

  • Franz Fayot

    Mir froen de President vun der LSAP, wéi hien d'Erneierung vu senger Partei wëllt virundreiwen.

  • Yves Nosbusch

    De Chef-Ekonomist vun der BGL BNP Paribas iwwer d'Ära Draghi un der Spëtzt vun der Europäescher Zentralbank.

  • Fritz Remackel

    CIGR Syrdall, CIGL Déifferdeng: zwou Beschäftegungs-Initiativen an negative Schlagzeilen. Wéi erliewen aner Acteuren am Secteur dat? E Gespréich mam President vum CIGL Esch.

  • Taina Bofferding

    Wat blitt deene Gemengen, déi hire PAG net mat Zäit nei opgestallt hunn? Froen un d'Inneministesch.

  • Richard Graf

    50 Joer Action Solidarité Tiers Monde (ASTM): Réck- an Ausbléck am Gespréich mam Co-President.

  • Alain Schmit

    Mir froen de President vun der Dokteschassociatioun AMMD, firwat Lëtzebuerg op e Mangel un Dokteren zousteiert, a wat ee kann dogéint maachen.

  • Serge Hoffmann

    Mir froen de Vizepresident vum Gemengesyndikat Syvicol, firwat vill Gemenge Schwieregkeeten hu fir hire Bebauungsplang auszeschaffen.

  • Camille Schroeder

    Mir froen de President vun der Bauerenallianz, wéi d'Landwirtschaft sech wëllt um Klimaschutz bedeelegen.

  • Semiray Ahmedova & Chantal Gary

    Mat den zwou neie gréngen Deputéierte geet ënner anerem rieds iwwer d'Schwéierpunkten, déi si an der Chamber wëlle setzen.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen