Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Philippe Dubois, Direkter vum neien NCCL

De Belsch Philippe Dubois ass als Direkter vum neien National Composite Centre-Luxembourg  gewielt ginn. Elo gëtt hien och nach den nächsten "PEARL Chair“ vum Fonds National de la Recherche. Den FNR investéiert bis zu 4 Milliounen Euro an e 5-Joer-PEARL-Projet. Mam PEARL-Programm sollen etabléiert an international unerkannt Chercheuren aus dem Ausland fir Lëtzebuerg gewonne ginn. D’Kerstin Thalau wollt vum Philippe Dubois gewuer ginn, wéi hie sech als Pärel fillt.  

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen