Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

D'Band an hiren Ufanksdeeg Enn de 60er: John Paul Jones, Jimmy Page, Robert Plant, John Bonham (v.l.n.r.)

IV - Led Zeppelin

Ëm wat goung et viru Geriicht bei der Plainte géint de kreativen Duo vu Led Zeppelin? De Robert Plant a besonnesch den Jimmy Page - de Gittarist vu Led Zeppelin - hätte sech "inspiréiert" um Lidd "Taurus" vun der US-Band Spirit. Eng Kompositioun aus dem Joer 1968, wou den Ufanksriff dräi Joer méi spéit beim britesche Quartett opgedaucht wier - an hirem Kulthit "Stairway To Heaven".  Mee net nëmmen dowéinst ass den Album "IV" vu Led Zeppelin méi speziell: en ass ouni Titel erauskomm an och den Numm vun der Grupp daucht néierens um Cover op! D'Bezeechnung IV krut d'Wierk, wëll et ganz einfach de véierten Album an der Diskographie vun den Englänner ass. Mat "Rock'n'Roll a Black Dog" sinn zwee weider Klassiker vertrueden, mee och déi méi laang Stécker wéi "When The Levee Breaks" oder '"he Battle Of Evermore" hunn hir Qualitéiten. Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen