Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Tanita Tikaram (Foto: Kurt Stallaert/ear music)

Album vun der Woch: Tanita Tikaram - Closer To The People

Si war scho bal an de Vergiess geroden, well nom Iwwerhit aus dem Joer 1988 si wuel nach eng etlech gutt Albumen erauskomm - mee si sollt ni méi kënnen un de Succès vun deemools uknäppen. Dat neit Wierk ass en neien Depart, mat deem d'Tanita Tikaram hirer Manéier trei bleift: si interpretéiert 10 Eegekompositiounen, déi si sech selwer op de Läif geschriwwen huet. Hir Stëmm mécht Stëmmung, et erkennt ee se ënnert villen erëm, mat de Museker vum Van Morrison als Begleeder huet si de richtege Choix getraff. Léiwer Déifgang wéi Glam a Glitter: Closer To The People kéint duerchaus fir en neien Ufank stoen!

Tanita Tikaram, '"loser To The People'" ear music / Edel (0210912EMU), méi Informatiounen op www.ear-music.net  Facebook:earmusicofficial

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen