LiteraturLabo

Nathalie Bender Valerija Berdi

Ethylenvinylacetat-Copolymere. Dat ass et, wat d'Buch am banneschten zesummenhält. Chemesch gesinn. Ob déi nei literaresch Publikatiounen och an ästhetescher Hisiicht halen - op d'mannst emol wat se verspriechen, doriwwer an iwwert aner Sujeten aus dem literaresche Liewen diskutéieren d'Literaturlaboranten Nathalie Bender, Valerija Berdi a Ian De Toffoli an engem literaturkritesche Ronndëschgespréich mat Rezensiounen, Iwwerleeungen an Invitéen.

Literaturland Lëtzebuerg?

Amplaz dee bekannten Discours iwwert de Retard vun der lëtzebuergescher Literatur – am Verglach mat där vu senge groussen Noperen – ze féieren, wäert an dëser Sendung vum LiteraturLabo doriwwer geschwat ginn, wat dann déi aktuell Tendenzen a Bréch vun der autochtoner Literatur sinn.

Et wäert sech méi genee mat 4 Wierker befaasst ginn, déi awer och Usporn solle sinn, fir gedanklech méi wäit auszehuelen, an zwar sinn dat:

Somnambule du jour, Anise Koltz (Gallimard), wat eis erlaabt iwwert franséischsproocheg Literatur zu Lëtzebuerg an déijéineg Schrëftsteller ze schwätzen, déi am Ausland publizéiert ginn.

Zalto Mortale, Jean Back (Kremart), woubäi een iwwert eng eeler Generatioun Schrëftsteller schwätze kann, déi sech haaptsächlech der Lëtzebuerger Sprooch bedéngt. Wat fir Genren an Thematike stiechen do eraus?

Komm net kräischen, Claudine Muno (Op der Lay). Wéi definéiert sech – souwuel ästhetesch wéi och sozioliteraresch – déi méi jonk Generatioun vu Schrëftsteller?

Eiszeit, Marc Graas (Saint-Paul). LiteraturLabo befaasst sech och mat der Trivialliteratur vu Lëtzebuerg, där déi ee gréisstendeels an der Bestsellerlëscht all Mount erëmfënnt. Wat zeechent déi aus? Wéi schlecht ass se wierklech?

 

Alles dat si Froen op déi de LiteraturLabo versicht eng Äntwert ze ginn.

Moderatioun Claude Mangen

Rezent Emissiounen

  • Literaturlabo 9: American Dream

    De leschte Mëttwoch hunn d'Literaturlaboranten zu Steesel am Kulturhaus Laval-Tudor iwwer rezent amerikanesch Literatur geschwat.

  • Magesche Realismus

    De Begrëff Magesche Realismus gouf vum däitsche Konschtkritiker Franz Roh ëm 1925  gebilt. Literatur vum Magesche Realismus gouf et éischter.

  • Literaturpräisser - Literaresche Labyrinth

    D'Enn vum Joer ass dee richtege Moment, fir e Bilan iwwert priméiert Literatur ze zéien a flott a manner flott Bicher ze beschwätzen.

  • Reesliteratur

    Duerch d'Welt an d'Literatur reese mam Nathalie Bender, Valerija Berdi a Ian de Toffoli. ogeholl den 6. Juli am Café littéraire vum CNL zu Miersch,

  • Vu Beruff Schrëftsteller?

    Kann een zu Lëtzebuerg vum Schreiwe liewen? Iwwerliewen?

  • LiteraturLabo goes LiteraturPräis

    Ass e Literaturpräis e Garant fir gudd Literatur?

  • Literatur 2.0: Netzliteratur oder Hyperfiction?

    Wéi verännert dat Digitaalt dat literarescht Wierk a wéi verschafft d’Literatur thematesch den Zäitalter vun den digitale Méiglechkeeten?

  • Literaturland Lëtzebuerg?

    Véier rezent Wierker vu Lëtzebuerger Auteuren sinn den Ophänkert fir en Echange iwwert d'Literatur vun an zu Lëtzebuerg.

     

  • Indonesien, literarescht Niemandsland?

    Dee gréissten Inselstaat vun der Welt ass literarescht Niemandsland. Grond si wéineg Iwwersetzungen an eng bis dato moer national Literaturpromotioun.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • Une nouvelle application mobile « radio 100,7 »

    radio 100,7 vient de lancer sa nouvelle application pour appareils mobiles. L'appli, simple à installer et facile à utiliser, permet d'écouter le programme de la radio 100,7 en direct et en différé en puisant dans la médiathèque de la radio. 

  • Yann Logelin, nouveau chef de la programmation à radio 100,7

    radio 100,7 annonce la nomination de M. Yann Logelin au poste de chef de la programmation. Yann Logelin prendra le relais de M Claude Mangen qui, après 25 ans à ce poste, assumera la direction du Mierscher Kulturhaus à partir du 1er novembre 2018.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen