Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Metal Meltdown goes Wacken Open Air

Wacken Open Air 2016

Am Metal Meltdown gëtt et dës Woch nees e Special. Dës Kéier net iwwert eng eenzel Band, mä iwwert de Wacken, deen dëst Joer nees de 4. bis de 6. August ass. Iwwer 100 Bands wäerten dëst Joer nees um weltwäit gréisste Metal Festival am Norde vun Däitschland spillen, an dës Stonn mécht den David Wagner an enger éischter vun zwou spezial Sendungen iwwert de Wacken en Iwwerbléck vun de beschte Bands, déi optriede wäerten. Woubäi déi bescht Bands an dësem Fall einfach seng Favoritte sinn.

Kuckt hei och den Trailer fir d'Editioun dëst Joer:

Agenda

Eat Your Feet Festival @ Daddy's Pub, Diddeleng

Symphonic Metal Night @ Chez Paulette, Pagney-Derrière Barine

Metal Church @ Garage, Saarbrécken

Blind Guardian @ Garage, Saarbrécken

Playlist

1349 - Sculptor of Flesh (Hellfire, Candlelight)

Arch Enemy - Fields of Desolation (Black Earth, Wrong Again Records)

Arch Enemy - As The Pages Burn (War Eternal, Century Media)

Blind Guardian - The Bard’s Song (In The Forest) (Somewhere Far Beyond, Virgin / Century Media)

Blue Oyster Cult - Godzilla (Spectres, Columbia)

Borknagar - Cold runs the River (Winter Thrice, Century Media)

Bullet For My Valentine - Hand of Blood (The Poison, Visible Noise / Trustkill)

Devil Driver - Dead To Rights (Beast, Roadrunner)

Entombed - Nobodaddy (Inferno, Music For Nations)

Entombed A.D. - The Winner has lost (Dead Dawn, Century Media)

Equilibrium - Wirtshaus Gaudi (Erdentempel, Nuclear Blast)

Ihsahn - Mass Darkness (Arktis., Spinefarm)

Ihsahn - My Heart if of the North (Arktis., Spinefarm)

Bloodbath - Eaten (Nightmares Made Flesh, Century Media)

Rezent Emissiounen

  • Metal vs. Cancer

    Och an der Metalzeen gi regelméisseg Concerte fir de gudden Zweck organiséiert.

  • Scarlet Anger

    Den neien Album vun de lokalen Thrasher Scarlet Anger, deen d'Band um Metalfestival zu Koplescht presentéiert.

  • Metal Meltdown goes Entombed (A.D.)

    Am Metal Meltdown dréint sech dës Kéier alles ëm Entombed A.D.. Et gëtt en Interview mam L.G. Petrov an e Review vum neisten Album Dead Dawn, deen Enn Februar erauskomm ass.

  • Nordic Rock & Sleepers' Guilt

    An der Emissioun Metal Meltdown geet et haut ënnert anerem ëm den Nordic Rock, dem Metal- a Rockfestival, deen all Joer am Norde vum Land stattfënnt, an dir kritt déi nei CD vu Sleeper’s Guilt virgestallt. Eng Emissioun vum David Wagner.

  • Metal Meltdown goes Machine Head!

    Och wann hire Concert dës Woch huet missen ofgesot ginn: Machine Head sinn Headliner am Metal Meltdown!

  • Sleepers' Guilt & The Majestic Unicorns From Hell

    Haut schwätzt den David mat de Museker vu Sleepers Guilt iwwert hiren neien Album a stellt iech och den neien Album vun de Majestic Unicorns From Hell vir.

  • Soleil Noir, Everwaiting Serenade & Fleshgod Apocalypse

    Am Metal Meltdown geet et haut ënnert anerem ëm eng speziell Serie vu Concerten am Mudam, et gëtt Neiegkeeten aus der lokaler Zeen an den Agenda vun den nächste Concerten.

  • The Majestic Unicorns From Hell, Sleepers' Guilt & Spoil Engine

    Am Metal Meltdown gëtt haut en Tour de Table ronderëm de Metal Battle gemaach an am Interview stellen The Majestic Unicorns From Hell hiren neien Album vir.

  • Exposer, Borknagar & Machine Head

    An der Emissioun Metal Meltdown stellt den David Wagner haut eng nei lëtzebuerger Band vir an et ginn Tickeën ze gewannen fir den ausverkaafte Concert mat Machine Head de 17. Februar am Atelier.

  • Lemmy, Motörhead & Aborted

    D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Metal Zeen, Réckbléck op dem Lemmy säi Begriefnis, d'Metal Release vun der Woch an den Agenda mat den nächste Concerten.

  • Metal Battle 2016 & Do You Even Metal?

    D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Metal Zeen, de Metal Battle vum 19. März, d'DVD "Do You Even Metal?", déi et ze gewanne gëtt an den Agenda mat den nächste Concerten.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen