Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit.

Stylianos Schicho

Shortcut - Stylianos Schicho

Aen a Blécker, déi de Betruechter observéieren, afänken a beréieren ... net just angenehm ... D'Biller vum éisterräichesche Moler Stylianos Schicho hunn eng Muecht, där een net einfach dovu kënnt. An der Galerie Clairefontaine kann ee sech déi nei Serie vu Biller, déi ënnert dem Titel Elevator painting ausgestallt sinn, ukucken. D'Valerija Berdi huet sech der Magie vun der "erzwungener Pause im Hamsterrad des modernen Großstadtmenschen“ higinn.

Rezent Emissiounen

  • Deen neie Musée royal des Beaux-Arts d'Anvers

    Am Antwerpener Musée Royal des Beaux-Arts gëtt bis 2019 renovéiert. Eng Rei vu senge Meeschterwierker sinn dowéinst am MNHA ze gesinn.

  • Louis-Ferdinand Céline a seng antisemitesch Pamphleter

    Editions Gallimard wëllen dem Céline seng antisemitesch Wierker nei publizéieren. Wéi sinn d'Reaktiounen?

  • Golden Globes

    Golden Globes als Zeeche géint de Sexismus.

  • Al Meeschter an der Sammlung vum MNHA

    D'Konfrontatioun vu Barockkonscht vu Meeschter wéi Rubens, Van Dyck a Ribera a Zurbaran suergt am Nationalmusée fir "Drama and Tenderness".

  • France Gall - e Portrait

    Déi franséisch Sängerin ass am Alter vu 70 Joer un engem Kriibsleide gestuerwen. 1965 hat si fir Lëtzebuerg de Grand Prix d'Eurovision de la Chanson gewonnen.

  • Den Edward Steichen a seng Zäitgenossen (Rediff)

    An den 1920er huet den Edward Steichen dozou bäigedroen, d'Fotografie aus dem Schiet vun der Molerei zu enger eegener Konschtform ze féieren.

  • Time space continuum an der Villa Vauban

    Ënnert dem Titel Time space continuum weist d'Villa Vauban 44 Fotografië vum Edward Steichen, déi d'Stad Lëtzebuerg 1980 kaaft huet.

  • Streetart a Jordanien

    Streetart eruewert och déi jordanesch Haaptstad Amman, allerdéngs sinn d'Messagë vun de Konschtwierker net oppe politesch oder reliéis.

  • D'Satir an der haiteger Zäit

    De Genre vun der Satir ass am Gaang z'evoluéieren. D'Realitéit ass selwer esou absurd, datt en einfacht Verdréinen dovun net méi duergeet.

  • Aharon Appelfeld

    De bedeitenden israelesche Schrëftsteller ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen. E Portrait.

  • Guantanamo Konscht

    Zu New York gi Konschtwierker aus dem Prisong op Kuba ausgestallt: en Abléck an d'Gedankewelt vun deenen, déi d'US-Regierung veruerteelt.

  • Barbara Jatta, Directrice vun de vatikanesche Muséeën

    Déi meescht Nationalgalerien an Europa hu männlech Direkteren. Erstaunlecherweis ass de Vatikan, mat der Barbara Jatta, hei eng Ausnam.

  • Creation in form and color: den Hans Hofmann am Nationalmusée

    Eisen Nationalmusée fir Geschicht a Konscht presentéiert fir d'alleréischt eng Ausstellung vum däitsch-amerikanesche Moler Hans Hofmann. 

  • Plënneraktioun am Louvre

    De Paräisser Louvre schéckt 250.000 Konschtwierker zur Sécherheet an de Norde vu Frankräich, méi genee an déi 30.000 Awunner-Stiedche Liévin.

  • Nei Filmer

    De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch

Programm

  • Taktlos - Quartett

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen