De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach
World


Mali & rondrëm de Mali!
De Mali a seng Nopeschlänner stinn am Mëttelpunkt vun der Emissioun: mam Songhoy Blues hirem Debutalbum "In Exile" mat enger gudder Portioun Rock, mam Fatoumata Diawara dat sech um Festival zu Marciac mam kubanesche Pianist Roberto Fonseca zesummegedoen huet, mat der Jahqueen aus dem Nopeschland Burkina Faso, déi an enger konservativer Gesellschaft méi Rechter fir d'Frae fréit a sech fir d'Liberaliséierung vum Ganja asetzt. Dem Fred Medernach säi Concertstip: den Touareg Omara 'Bombino' Moctar (Kufa, 28.06)
Rezent Emissiounen
-
Haydamaky
De polnesche Schrëftsteller Andrzej Stasiuk an déi ukrainesch Folk-Rock-Band Haydamaky mat Texter vum polneschen Nationaldichter Adam Mickiewicz
-
Von Kuba in die Welt
Musek vun der karibescher Insel vu Kënschtler, déi een uechter d'ganz Welt begéint ... net nëmmen op Kuba selwer.
-
Neie Kascht fir de World-Summer
Mat den aktuelle Release vu Fatoumata Diawara, Hazmat Modine, Bombino an Choco Y Sus Complices plus engem Bléck op den Atlantico-Festival
-
Jenseits von Indien
En dacks mysteriéist Land, musikalesch ënner d'Lupp geholl ...
-
Cap Vert - Brasilien an zeréck
Nei Produktioune vun den Inselen am Atlantik an de Live-Album vum brasilianeschen Trio Gilberto Gil - Gal Costa-Nando Reis.
-
Smile!
Lidder aus allen Härelänner mat engem Laachen am Gesiicht ...
-
Sacred Sounds a schamanesch Beats
Meditativ Gesäng, ronderëm d'Feier danzen a mystesch Kläng kënnen eis an eng aner Welt zauberen. Dës "World"-Editioun versetzt Iech an Trance.
-
Tram des Balkans
Balkanbeats a Klezmerrhythmus: déi franzéisch Formatioun 'Tram des Balkans' ass den 8. Juni am Ettelbrécker CAPE.
-
Goran Bregovic
Eng Stonn, déi dem bosnesche Kënschtler a Museker dediéiert ass.
-
Orlando Julius & the Heliocentrics live
Den Optrëtt vum nigerianesche Saxophonist bei der BBC den 28. Oktober 2017
-
Op katalanesch!
Eng musikalesch Rees an der katalanescher Sprooch - déi net nëmmen an der Géigend ronderëm Barcelona a Gebrauch ass ...
-
Francesco De Gregori live
Den italiensche Cantautore/Songwriter live opgeholl am Oktober d'lescht Joer zu München.
-
Keng Kannerlidder, mee Lidder iwwer Kanner
Vill Kënschtler hunn déi Kleng an hire Repertoire opgeholl.
-
Klanglandschaften
E Bësch an Estland, eng al Zistern an Italien, bulgareschen a capella, finneschen Tango: Inspiratioun fanne Museker/innen iwwerall ...
-
Eng Rees an den Orient
Eng musikalesch Stonn mat dem Sound aus dem Orient - dee kënnt mol vu méi wäit hier, mol vu méi no bäi.
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen