Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Nico Helminger

De Mann mam Hutt ass sécher ee vun de opreegentste Lëtzebuerger Auteuren. 1953 am Minett zu Déifferdeng op d’Welt komm, ass den Nico de grousse Brudder vum Guy Helminger. Allebéid schreiwe se: Deen een no sengen Eskapaden op der lokaler Telé lieft erëm zu Köln, deen anere wunnt gréisstendeels hei am Land, wann hien net grad op enger gréisserer Rees ass.
Zënter den 80er Jore schafft hien als fräie Schrëfsteller. Am Laf vu senger Carrière krut hien eng Rei Präisser, dorënner de Prix Batty Weber 2008 an 2014 dee wichtege Prix Servais. Zu senge Wierker ziele "Miss Minett", "De Schantgen" an "Abrasch".
Den Nico Helminger ass en oppene Mënsch, dee gären Anekdote verzielt, dee vill ronderëm koum, dee Fan vun der Wiener Oper ass, awer genee sou gären op Rock- an Jazz-Concerte geet. D'Musek, de Kino an d'Schreiwen inspiréieren den Nico Helminger.
An de Studio huet hie Blues, Jazz, Klassik an Nei Musek matbruecht. Ze héiere sinn ënnert anerem: dem John Zorn säi Jazzgrupp "Masada", dem Garth Knox seng Interpretatioun vum György Ligeti senger "Chaconne", de Mikis Theodorakis, den "Johnny Drew" vun den Dubliners (Viva la Quinta Brigada), de Schluss vum 1. Akt vum Mozart sengem "Don Giovanni", dem Schubert seng "Winterreise" (interpretéiert vum Hans Zender) an den Alvin Lee an Ten Years After mat "I'm Going Home".
De Mike Tock huet e begeeschterte Liewesmann, e kritesche Geescht, e Globetrotter, e sympathesche Gesell op Besuch.

Rezent Emissiounen

  • De Rosch Mirkes

    Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.

  • De Pol Belardi

    Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.

  • D'Geiistin Sandrine Cantoreggi

    Vill Klassik an e bëssen Jazz

  • Den David Ianni

    De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.

  • De Paul Thiltges

    Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.

  • De Kid Colling

    De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.

  • Den Damien Sagrillo

    De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.

  • D'Sopranistin Mariette Lentz

    Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz 

  • De Guy Frisch

    De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.

  • Fernand Weides

    De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.

  • De Jeff Mack

    De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.

  • D'Lydia Rilling

    D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.

  • De Marc Jacoby

    Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.

  • D'Cathy Krier

    Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.

  • Monique Melsen

    Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen