Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Les Frontières de l’Indépendance - le Luxembourg entre 1815 et 1839

Les implications du partage de 1839 sur les questions de nationalité, esou war d’Konferenz vum 13. Abrëll 2016, am Kader vun der Ausstellung am Musée Dräi Eechelen, iwwerschriwwen. Déi zentral Fro vun der Nationalitéit, vun de Bewunner vum ale Grand-Duché, war deemools: lëtzebuergesch, oder belsch?

De Conferencier war den Historiker Denis Scuto, enregistréiert a verschafft vum Carlo Link.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen