Invité vum Dag

En Interview iwwert en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

John Santurbano

Fréistens vrum Summer fält eng Decisioun, wien an Zukunft zoustänneg gëtt fir d’Iwwerwaachung vum nationale Loftraum; dat sot de John Santurbano, den Direkter vun der “Administration de la navigation aérienne” de Moien hei op der Antenn. De nationale Radarservice soll dann un en auslänneschen Acteur ausgelagert ginn. Déi aktuell Fluchloste vum Radar, géingen an en aneren neie Service iwwerwiesselen: de Buedemradar. Als Grond nennt de John Santurbano d’Sécherheet, eng Käschtereduzéierung an, datt een zu Lëtzebuerg net genuch Fluchlotse fënnt. - Déi betraffe Beamten, d’Associatioun vu de Linnepiloten an eng Rei Fluchgesellschafte si géint dee Projet. - De 9. Juni presentéiert de Minister François Bausch der zoustänneger Chamberkommissioun Etuden iwwert eng Restrukturéierung vun de Servicer vu “Loftfahrtverwaltung”. Duerch d'Gespréich mam ​Direkter vun der ANA, der "Administration nationale de l'aviationféiert d'Mick Entringer.

Rezent Emissiounen

  • Jean Billa

    De Klierfer Lycée mécht beim Bildungsprogramm "Jidderee ka programméieren" vun Apple mat: mir schwätze mam Lycées-Direkter.

  • Christine Majerus

    No hirer véierter Plaz op der Cyclocross-WM a virum Optakt vun der Stroossesaison: Réck- an Ausbléck mat der Lëtzebuerger Top-Cyclistin.

  • Claire Sertznig

    Déi fir de Marketing zoustänneg nei Mataarbechterin vum Wäibau-Institut iwwert d'Ausschaffe vun enger neier Strategie.
     

  • Sibylla Mayer

    Mat der Soziologin geet Rieds iwwert dat neit Prostitutiounsgesetz an iwwert d'Roll vun der Schoul an der Zivilgesellschaft an där Thematik.

  • Martine Deprez, UGDA-Presidentin

    Mat der Presidentin vum Daachverband vun de Museksorganisatioune geet Rieds iwwert d'Zesummenaarbecht mat de Gemengen an d'Mutuelle.

  • Adrien Ney

    Mam Luxair-Generaldirekter geet rieds iwwert d'Aarbechtskonditioune beim Grupp an iwwert d'Erwaardunge fir 2018.

  • Romain Schneider

    Mam Sportminister schwätze mir iwwert d'Olympesch Wanterspiller an iwwert de Sport zu Lëtzebuerg.

  • Lydia Mutsch

    Mat der Gesondheetsministesch schwätze mir ënnert anerem iwwert de Spidolsplang, iwwert deen haut an der Chamber ofgestëmmt gëtt.

  • Franco Avena a Claire Geier-Courquin

    Den neie President vum Conseil national pour étrangers (CNE) an d'Vizepresidentin schwätzen iwwer den neien Ulaf vum Auslännerrot.

  • Félix Braz

    De Justizminister reagéiert op d'Kritiken um Burka-Gesetz a schwätzt iwwer de Stand vun den Aarbechten un der Scheedungs-Reform.

  • Pierre Mellina

    De Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina ass dee neie President vum TICE, dem interkommunale Syndikat fir den ëffentlechen Transport am Kanton Esch.

  • Syfel

    Nom Vote vum Gesetz iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabricke wëllt de Syfel, den Daachverband vun de Kierchefabricke, weiderhin d'Gesetz kontestéieren.

  • Jutta Gansemer

    D'Asbl AFP-Solidarité-Famille féiert 70 Joer. Rieds geet iwwert Erzéiungs- a Familljeberodung an de legale Kader fir Jugendschutz.

  • Simone Niclou

    De Staatslabo baut aus a behält de Monopol an der Pathologie. Wat ass seng Plaz an der Fuerschung an an der Léier? D'Presidentin erkläert.

  • Nicolas Buck

    D'FEDIL feiert 100 Joer. De President vun der Industriellefederatioun schwätzt iwwert déi grouss Erausfuerderunge fir d'Industrie zu Lëtzebuerg.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen