Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Rotten Stones Festival

Rotten Stones Festival

De Rotten Stones Festival ass an engem knappe Mount, nämlech den 2. Juli an dat zu Bäerdref an den Hielen, dohier kënnt och den Numm. An dëser Sendung schwätzt den David Wagner mam Dan a mam Ben, 2 vun den Organisateuren, déi d’lescht Joer de Festival eng éischte Kéier organiséiert hunn a stellt all Band vir, déi do wäert optrieden. Zu engem Deel wäert der déi och scho kennen, well et sinn och eng Parti Lëtzebuerger Bands dobäi.

Agenda

Earthgrave EP Release @ Rocas, Stad

Little Woodstock Festival @ Café Little Woodstock, Iernzen

Disturbed @ Rockhal

Bullet for my Valentine @ Atelier, Stad

Anthrax @ Atelier, Stad

Metal Marsh @ Rock Box, Stad

Playlist

Satyricon - Mother North (Nemesis Divina, Moonfog Productions)

Assorted Nails - Ghost (unreleased)

Black Bleeding - A Bright Future (A Bright Future, Independant)

Desdemonia - My Lord (Same, Independant)

Herfst - She Dwells The Moors (The Deathcult Pt. II: Towards Haunted Shores, Independant)

Hyems - Devianz (Devianz - Dem Mensch ein Wolf, Independant)

Kitshickers - nfr (Horror Vacuii, Independant)

Necrotic Woods - Oneiric (The Nameless Dark, Bret Hard Records)

Soleil Noir - Omicron (The Great Dodecahedron, Independant)

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen