Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Stephan Gehmacher (© Anouk Antony/WORT)

Stephan Gehmacher

Dräi Joer ass de Stephan Gehmacher antëscht Direkter vun der Philharmonie. Direkt am Ufank vu senger Intendanz hat en de schwieregen Dossier vun der Fusioun tëscht Philharmonie an OPL ofzeschléissen an e Successeur vum Emmanuel Krivine als neie Chefdirigent ze sichen. Béid Missioune sinn erfëllt a lues a lues erkennt een déi programmatesch Handschrëft vum Stephan Gehmacher: eng breet Offer zu Zäiten, déi dem Public entgéint kommen, nei Formater, wéi d’Heure de pointe, méi wéi een Artist in residence, an eng prominent Plaz fir den OPL. Den erfuerenen Orchestermanager verréit dem Guy Engels säi musikalesche Goût.

Rezent Emissiounen

  • De Geoffroy Guirao

    De fréiere Mataarbechter vum William Christie an "Les Arts florissants" ass Produktiounschef an der Philharmonie a vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

  • De Camille Kerger

    Den Direkter vum INECC, Institut Européen de Chant Choral - Lëtzebuerg verréit seng Musek-Virléift.

  • Jeff Herr

    Drummer? Och! Jazzdrummer? Och! Einfach Museker, seet de Jeff Herr, deen d'musikalesch Playlëscht fir dës Stonn op d'Bee gesat huet.

  • Christoph König

    Zënter 2010 Chefdirigent vun den Solistes Européens, Luxembourg, SEL

  • Den Tom Bellion

    An den 80er war den heitegen Direkter vum Luxembourg City Tourist Office Gittarist bei der Grupp Chapter Two. A wat lauschtert hien haut?

  • D'Pianistin Sabine Weyer

    Mat der Publikatioun vun hirer éischter CD "Images", am Hierscht 2015, war d'Carrière vun der Musekerin definitif lancéiert.

  • Ralf Britten

    Den Direkter vum Trifolion verréit, wat doheem fir Musek leeft a firwat. 

  • Trixi Weis

    D’Kënschtlerin an een Tirang stieche mécht kee Sënn, well si ëmmer nees mat hiren originellen Aarbechten iwwerrascht.

  • Enrico Lunghi

    Den Direkter vum MUDAM ass net just un zäitgenëssescher Konscht interesséiert ...

  • Charel Muller

    Den Direkter vum Escher Theater verréit seng musekalesch Virléiften.

  • Lisa Berg

    Eng jonk talentéiert Musekerin, déi, ier se bei den Cello koum, Blockflütt op héijem Niveau geléiert huet.

  • Sascha Ley

    Déi däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin, Sängerin, Songwriterin a Komponistin ass op ville Bühnen doheem: Theater, Film an a Concertssäll.

  • Stephan Gehmacher

    Den Direkter vun der Philharmonie presentéiert säi musikalesche Choix.

  • David Galassi

    Den David Galassi aka Fluit vun De Läb stellt seng Liiblingslidder vir. Nieft Hip Hop ass ënner anerem och Nick Cave an Budos Band dobäi.

  • Nico Helminger

    De Schrëftsteller mam Hutt ass e Fan vun der Wiener Oper, dee grad sou gär op Rock- an Jazz-Concerten geet.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen