Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Stephan Gehmacher (© Anouk Antony/WORT)

Stephan Gehmacher

Dräi Joer ass de Stephan Gehmacher antëscht Direkter vun der Philharmonie. Direkt am Ufank vu senger Intendanz hat en de schwieregen Dossier vun der Fusioun tëscht Philharmonie an OPL ofzeschléissen an e Successeur vum Emmanuel Krivine als neie Chefdirigent ze sichen. Béid Missioune sinn erfëllt a lues a lues erkennt een déi programmatesch Handschrëft vum Stephan Gehmacher: eng breet Offer zu Zäiten, déi dem Public entgéint kommen, nei Formater, wéi d’Heure de pointe, méi wéi een Artist in residence, an eng prominent Plaz fir den OPL. Den erfuerenen Orchestermanager verréit dem Guy Engels säi musikalesche Goût.

Rezent Emissiounen

  • Francine Closener

    Der Staatssekretärin hire Museksgoût ass ganz eklektesch. Awer virun allem d’Texter leien hir um Häerz.

  • Paul Kirps

    Vill Pop, ganz bëssen Rock an eng Grëtz Techno an Elektronica, déi Musek lauschtert de Lëtzebuerger Kënschtler Paul Kirps gäre beim Schaffen.

  • De Marcel Oberweis

    De Marcel Oberweis ass docteur-ingénieur, CSV-Deputéierten a Member vum Steeseler Gemengerot.

  • Gast Waltzing

    Hien ass a ville Genren doheem, d'Palett geet vun Jazz iwwer Klassik bis Filmmusek. Net onerwaart steet d'Trompett op senger Playlëscht - mee beileiwen net nëmmen!

  • Olivier Frank

    Musek begleet den Olivier Frank scho säi ganzt Liewe laang – vun de Studienzäiten bis a seng aktuell Funktioun als Direkter vum Institut Pierre Werner.

  • Patricia Lippert

    Eng Playlist déi vu franséischer Chanson, iwwer däitschen Humor bis bei de lokale Metal reecht.

  • Marc Treinen

    Den Direkter vum Conservatoire vun Esch/Uelzecht verréit eis säi musikalesche Goût.

  • Marco Battistella

    Den Dirigent, fréiere Mataarbechter vum Radio 100,7 an haut Chargé de Mission am Kulturministère gëtt seng musikalesch Visitëkaart of. 

  • Eugène Prim

    De President vun de Solistes Européens, Eugène Prim ass den Invité vun der musikalescher Visitekaart.

  • Andy Bausch

    De Lëtzebuerger Cineast huet eng Playlëscht mat bruecht, op där ee vill Stécker kennt. Dës sinn awer dacks vu manner bekannte Museker gespillt.

  • Danielle Igniti

    D'Direktesch vum Kulturzenter OpDerSchmelz-Diddeleng huet Jazz, Rock, World an och Klassik an d'Häerz geschloss.

  • Carl Adalsteinsson

    Wat fir eng Musek  lauschtert de Carl Adalsteinsson, Direkter vun engem Kulturhaus, dee quasi Dag an Nuecht mat där Matière berufflech ze dinn huet?

  • Georges Calteux

    Hie wat laang Joren Direkter vu "Sites et Monuments", ass Matgrënner vum Iechternacher Festival, passionéierte Museker a Kulturfuerscher.

  • Luc Schiltz

    De Lëtzebuerger Schauspiller Luc Schiltz bréngt seng perséinlech Playlist mat.

  • Julien Alex

    De fréieren Ambassadeur an aktuelle President vum Iechternacher Festival huet säi perséinleche Musekchoix mat an de Studio bruecht.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen