Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Andy Rehfeldt & Candlemass

Andy Rehfeldt

Den amerikanesche Youtuber Andy Rehfeldt huet viru knapp 6 Joer e puer Millioune Klicks fir eng Cover Versioun vu Slipknot hirem "Wait and Bleed" kritt. Den Trick: Hien huet aus dem brutale Lidd eng sougenannte Radio Disney Versioun gemaach. D'Aggressivitéit huet hien aus der Musek geholl andeems hie clean gesongen huet an och d'Lidd mat cleane Gittaren an an enger anerer, méi frëndlecher Gamme gespillt huet. An der Tëscht huet den Andy Rehfeldt eng ganz Parti där Videoen op Youtube an huet dofir och well mat engem Lëtzebuerger Sänger zesummegeschafft. Den Andy Rehfeldt ass dem David Wagner säin Invité.

CD vun der Woch: Candlemass - Death Thy Lover EP (8/10)

Nodeems déi schwedesch Doom Legende Candlemass dëst Joer well eng Plack am Kader vum Record Store Day, eng Sammlung vu raren an onverëffentlechte Stécker an eng DVD vun hirer Show am Dynamo am Joer 1988 an e Buch erausbruecht hunn, ass haut och eng nei EP erauskomm.

Death Thy Lover, sou heescht dat gutt Stéck, ass am Fong e weideren Deel vun deem Ganzen, wat d’Band dëst Joer gemaach huet, fir den 30. Jubiläum vun hirem Debutalbum Epicus Doomicus Metallicus ze feieren.

An d’EP mat 4 Tracks fillt sech bëssen un, wéi soll et och anescht sinn, wéi en Hommage u Black Sabbath, a Form vun 3 Stécker mat nawell theatralesche Vocals an engem ultra schwéieren instrumentale Lidd. An anere Wieder, et ass quasi alles sou wéi ëmmer, och wann net méi all d’original Membere vun der Band hautesdaags dobäi sinn: richteg doomeg an awer melodesch.

Heiansdo och bësse pupeg, virun allem wann et ëm d’Texter geet, déi bësse vill Klischeeën erfëllen (“Did you know you’re the devil’s own child?”); an Deels souguer poppeg.

Dobäi gëtt et awer och genuch Momenter, wou Candlemass nees richteg däischter an epesch ginn.

Alles an allem kann ee soen, datt Death Thy Lover am Fong ganz gutt an all Candlemass Sammlung passt. E weidert monumentaalt, awer leider bësse kuerzt Wierk vun de Schweden. Vläicht ass et jo awer och just e Virgeschmaach op en nächsten Album? Mol kucken.

Agenda

Puscifer @ Rockhal, Esch Belval

Megadeth @ Rockhal, Esch Belval

Hatebreed @ Atelier, Stad

Playlist

Cannibal Corpse - Stripped, Raped and Strangled (The Bleeding, Metal Blade)

Highfighter - Darkest Days (Scars & Crosses, Svart Records)

Dark Funeral - Unchain my Soul (Where Shadows Forever Reign, Century Media)

Metallica - Enter Sandman (smooth jazz version)

Switchblade - P.O.G. ([2016], Denovali)

Exodus - Blood in Blood out (Blood In, Blood Out, Nuclear Blast)

Prong - Without Words (X - No Absolutes, Steamhammer)

Candlemass - Death Thy Lover (Death Thy Lover, Napalm Records)

Megadeth - Dystopia (Dystopia, Tradecraft)

Rezent Emissiounen

  • Suicidal Angels

    Am Interview dës Woch: De Frontmann vun de Suicidal Angels, Nick Melissourgos.

  • Entombed A.D.

    Dës Kéier am Interview ass de charismatesche Frontmann vun Entombed AD, d'Death Metal Legend LG Petrov.

  • Opeth - Martin Méndez

    Am Interview ass de Bassist vun Opeth, de Martin Méndez. Och hei geet et natierlech virun allem ëm den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Opeth - Mikael Åkerfeldt

    Am Interview ass de Mastermind vun Opeth, de Mikael Åkerfeldt. Et geet virun allem rieds iwwer den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Thousand Lakes

    Am Mëttelpunkt steet deen neien Album vu Thousand Lakes. Am Interview sinn dofir de Gittarist Jerome an de Sänger Rony.

  • De Mound am Metal

    Am Metal gëtt et vill Bands, déi sech vum Mound inspiréiere gelooss hunn, Stécker iwwer de Mound oder an deenen de Mound op d'mannst virkënnt, geschriwwen hunn.

  • Rotten Stones 2019

    Haut am Interview sinn d'Organisateure vum Rotten Stones Festival.

  • Firespawn

    Am Interview ass de Matgrënner a Bassist vu Firespawn, den Alex Impaler; rieds geet iwwer den neien Album "Abominate".

  • Metal Meltdown

  • Feradur

    Am Interview ass dës Kéier d'Band Feradur, déi den 22. Juni 2019 hiren neien Album "Legion" erausbréngen.

  • Per Wiberg

    Am Interview ass dës Woch de fréiere Keyboarder vun Opeth a Multiinstrumentalist Per Wiberg, deen am Mee säi solo-Debut erausbruecht huet.

  • Amon Amarth

    Am Interview d'Vikinger vun Amon Amarth, déi am Mee hiren neien Album "Berserker" erausbruecht hunn.

  • Kraton

  • Tëschegas

    Am Interview dës Kéier d'Minett Metaller vun Tëschegas, déi hiren neien Album "Stad, Land, Goss" virstellen.

  • Possessed

    Am Interview ass d'Death Metal Legend Jeff Becerra vu Possessed.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Jazz Unlimited - Fënnef Dammen op der Bühn

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen