Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Reaktiounen am EU-Parlament no der Ermordung vun der Jo Cox

D'Ermordung d'lescht Woch vun der britescher Politikerin Jo Cox, huet op europäeschem Niveau, an deemno och am Europaparlament zu Bréissel fir e sëlleche Reaktioune gesuergt. D'Jo Cox huet sech, als Deputéiert vum Labour Party an als Pro-Europäerin, ganz engagéiert fir de "Stay" vun hirer Heemecht an der Europäescher Unioun agesat. Ob der Jo Cox hiren Doud de Brexit-Referendum vun dësem Donneschdeg wäert beaflossen, gëtt deem brisanten Thema nach eng Kéier weideren Opdriff.  

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Noriichten

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Nei Serie: Autoritär

    Autoritär.png

    Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen