Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Marc Feider (Allen & Overy), Laurent Mosar (CSV), Yves Cruchten (LSAP)

Brexit - A wat elo?

“Et ass onwahrscheinlech, datt grouss Banke mat ville Beschäftegte sech vu London op Lëtzebuerg bewegen”, esou de Marc Feider vun der Affekoten-Etude “Allen & Overy Luxembourg” an eiser Emissioun Riicht eraus. Méi wahrscheinlech wier et, datt no engem Brexit Verméigensverwalter op Lëtzebuerg oder Dublin wiessele, fir Zougank zum europäesche Bannemaart ze behalen. Dowéinst misst de Grand-Duché sech gutt positionéieren.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet a Riicht eraus bedauert, datt d’Regierung net genuch Efforte gemaach hätt, fir sech op e Brexit ze preparéieren a fir déi gesetzlech Konditiounen ze schafe fir d’Haaptsiègë vun Entreprisen unzezéien.

Den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten huet gesot, datt Lëtzebuerg gutt opgestallt wier, fir gutt qualifizéiert Aarbechtsplazen op Lëtzebuerg unzezéien.

Rezent Emissiounen

  • Michel Wurth

    E Brexit ouni Deal gëtt ëmmer méi realistesch. Ass déi Lëtzebuerger Ekonomie dorop virbereet? Dat froe mir de President vun der Chambre de Commerce.

  • Sam Tanson a Jo Kox

    Kultur: Eng Chefsaach? De Kulturentwécklungsplang a seng konkret Folgen: am Gespréich mat der Kulturministesch an dem Premier Conseiller de Gouvernement.

  • Mady Delvaux

    Mat der LSAP-Europadeputéiert geet et ëm déi europäesch an national Aktualitéit. A mir geheien ee Bléck zeréck op hir politesch Carrière.

  • Martine Hansen

    Mat der neier CSV-Fraktiounscheffin geet rieds iwwer d'Erneierung vun der CSV, de Koalitiounsaccord vun der neier Regierung an d'CSV-Oppositiounsaarbecht.

  • Besteierung ouni Grenzen?

    Et diskutéieren de President vum Wirtschafts- a Sozialrot (CES) Marco Wagener an de Jean-Jacques Rommes, Patronatsvertrieder am CES.

  • Kanner a Literatur - Ass Liesen nach cool?

    Et diskutéieren: Christiane Kremer, Simone Mortini, Danielle Mertes a Jhemp Hoscheit

  • Déi jonk Gard vu Blo-Rout-Gréng: Nei Akzenter oder al Rezepter?

    Et diskutéieren: Taina Bofferding, LSAP, Sam Tanson, déi gréng a Lex Delles, DP

  • Jacques Drescher

    Mam Matgrënner vun der satirescher Wochenzeitung Feierkrop gëtt déi politesch Geschicht a Géigewaart vum Lëtzebuerger "Ländchen" beliicht.

  • Gëtt et e Lëtzebuerger Konschtmarché?

    Eng Diskussiounsronn mat de Kënschtlerinnen Trixi Weis a Suzan Noesen an dem Art Week Organisateur a Galerist Alex Reding am Virfeld vun der Luxembourg Art Week.

     

  • Mr. (Alters-)President

    E Gespréich mam Gast Gibéryen, dem déngschteelsten Deputéierten, iwwer seng politesch Carrière, déi lescht Wahlen an dat, wat se ausgeléist hunn.

  • Wéi en Zukunftsprojet fir Blo-Gréng-Rout?

    Wéi ass d'Iddi vun deem Block ouni d'CSV entstanen? A wat kënnen d'DP, déi gréng an d'LSAP déi nächst fënnef Joer eventuell besser maachen?

  • De Büffel

    De Lëtzebuerger Country-Sänger Buffalo C Wayne kuckt zeréck op seng Carrière.

  • Spezial Wahlen: Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?

    Et diskutéieren: Jerry Weyer, Sam Tanson, Alex Bodry, Gilles Roth, Ali Ruckert, Pierre Gramegna, Alex Penning, Carole Thoma, Mario May.

  • Diskussiounsronn mat JournalistInnen

    Caroline Mart vun RTL, Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land a Jean-Lou Siweck vum Tageblatt

  • Gutt geschafft oder "peut mieux faire"?

    Bilan blo-rout-gréng an Ausbléck: Blanche Weber, Presidentin vum Mouveco; André Roeltgen, President OGBL; Rolf Tarrach, fréiere Rekter Uni; Michel Wurth, President UEL

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen