Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Ass de Brexit an engems den Optakt vun der EU-Dekonstruktioun?

Huet mam "Brexit" d'Dekonstruktoun vun der EU ugefaangen? De "worst case" Zeenario, dee kee fir méiglech gehalen huet, ass zanter dem britesche Referendum vum 23. Juni 2016 Realitéit. 52 Prozent vun de Briten hu sech fir een Austrëtt vun hirem Land aus der Europäescher Unioun decidéiert. Zu Bréissel bei der EU-Kommissioun hat ee sech éischter een aneren Ausgank vum Referendum erwaart. D'Situatioun, sou wéi se sech elo stellt, gouf et nach ni, an engem gewësse Sënn gëtt elo europäesch Geschicht geschriwwen. Et ass nämlech fir d'éischte Kéier, datt ee Land aus der EU austrëtt. Dësen Dënschdeg, 28. Juni, treffe sech déi 27+1 fir een EU-Sommet an der belscher Haaptstad, fir déi nächst Schrëtt ofzestëmmen, an awer och, fir dem europäesche Gedanken neien Opdriff ze ginn. D'Kattalin Landaburu vu Bréissel.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen