Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

L’Etat d’urgence, rempart ou menace pour l’Etat de droit?

D’Regierung plangt fir den Ausnamezoustand an der Verfassung ze verschäerfen. Kritiker warne viru Gefor vu Mëssbrauch. Wat fir Instrumenter soll sech e Staat ginn, fir d’Sécherheet vun de Bierger a gläichzäiteg hir Fräiheeten ze garantéieren? Doriwwer hu Juristen a Politiker um Max Planck Institut fir Rechtswëssenschaften diskutéiert. Eng Table-Ronde vum 24.5., moderéiert fir den 100,7 vum Mick Entringer.

Dobäi waren: Robert Biever, Alex Bodry, Véronique Bruck, Luc Heuschling, Serge Urbany a Frank Wies, esou wéi de Stefan Braum an de Gilbert Pregno.

Déi ganz Table Ronde op eisem Internetsite 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen