MusekerIn am Gespréich

Remy Franck

De Remy Franck ënnerhält sech mat internationale Perséinlechkeeten aus der klassescher Musek iwwert hir Carrière an hir aktuell Projeten.

Philippe Koch

De Geiist ass Gaascht beim Remy Franck. Als Konzertmeeschter vum OPL zitt de Museker eng Bilanz vun der éischter Saison mam neie Chefdirigent Gustavo Gimeno. Hie schwätzt iwwert seng Aktivitéiten als Enseignant, iwwert d’Museksconcoursen an iwwert den Trio Koch, an deem hien zesumme mat senger Duechter Laurence a sengem Jong Jean-Philippe spillt.

Rezent Emissiounen

  • Den Acelga Quintett

    De Wee vum Studenten-Ensembel an eng Carrière als unerkannte Bléiserquintett 

  • Den Tobias Scharfenberger

    E Gespréich vum Remy Franck mam däitsche Sänger a Kulturmanager, designéierten Intendant vum Mosel Musikfestival 

  • Den Trompettist Gabor Boldoczki

    Deen ungaresche Museker, Gewënner vun den International Classical Music Awards an der Kategorie zäitgenëssesch Musek, iwwert seng Carrière a säin Instrument

  • D'Chouchane Siranossian

    Gläich zweemol gouf déi franséisch-armenesch Geiistin 2017 bei den International Classical Music Awards ICMA ausgezeechent.

  • De Gaspart Dehaene

    De franséische Pianist huet viru Kuerzem mat sengem éischten CD d'Opmierksamkeet vun der Musekswelt op sech gezunn.

  • De Robert von Bahr

    De Grënner a Chef vum Label BIS schwätzt iwwert d'Entwécklung vum Klassik-Marché.

  • De Karol Beffa

    De franséische Komponist ass ee vun deenen, déi hir artistesch Virfahre virun der Ära Boulez sichen.

  • Wolfgang Güttler

    De Kontrabassist koum no éischte Beruffsjoren a senger Heemecht Rumänien 1975 bei d'Berliner Philharmoniker an huet ënnert dem Herbert von Karajan gespillt.

  • De Carlo Jans

    Dem Lëtzebuerger Flüttist an Dirigent seng Aktivitéiten 

  • Julia Fischer, Daniel Müller-Schott

    Déi däitsch Geiistin an den däitschen Cellist hunn en Disque mat Wierker fir Gei an Cello opgeholl, e siele gespilltene Repertoire.

  • Philippe Koch

    Als Konzertmeeschter vum OPL zitt de Museker eng Bilanz vun der éischter Saison mam neie Chefdirigent Gustavo Gimeno.

  • Saimir Pirgu

    Hie war ee vun deene ganz rare Schüler vum Luciano Pavarotti a gouf am September 2013 mam “Pavarotti d’Oro” ausgezeechent.

  • Mario Häring

    Dee jonken däitsch-japanesche Pianist ass e villsäitege Museker mat grousser Sensibilitéit a gestalterescher Intelligenz.

  • Felicity Lott

    Déi britesch Sopranistin Felicity Lott huet dëst Joer bei den International Classical Music Awards (ICMA) de Lifetime Achievement Award kritt. 

  • Jacob Shaw

    De briteschen Cellist wunnt haut an Dänemark, obschonns hien déi artistesch Leedung vun engem Kammermuseksfestival an der Charente huet.

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen