Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Entombed A.D. & Equilibrium

Entombed A.D.

Eng Band, déi den David Wagner onbedéngt um Wacken wollt gesinn, waren Entombed, oder neierdéngs jo Entombed A.D. A mat hinnen huet hien dofir och en Interview gemaach, fir genee ze si mam Sänger LG Petrov an hirem neie Gittarist Guilherme Miranda. An do goung et ënnert anerem ëm den horente Präis vum neie Béier, deen Entombed mat entworf hunn, doriwwer firwat de Wacken fir si nach ëmmer Underground ass an iwwert éischt Detailer vum nächsten Album ...

Album vun der Woch: Equilibrium - Armageddon (9/10)

Eng weider Band, déi um Wacken gespillt, an do definitiv ofgerappt huet, waren déi däitsch Folk Metaller vun Equilibrium, mat deenen den David Wagner och en Interview gemaach huet, deen héiert der awer réischt an der nächster Sendung. Elo gëtt et fir d’éischt mol de Review vun hirem neisten Album Armageddon, deen d’lescht Woch erauskoum.

De Fans, déi de leschten Album "Erdentempel" kennen, kann ee soen, datt "Armageddon" bëssen esou kléngt, wéi wa se de Sound vum leschten Album bäibehalen hunn, just datt d’Gittare méi déif gestëmmt goufen. Allerdéngs gouf d’Orchestréierung e gudde Krack eropgeschrauft, sou datt dat ganz nach méi epesch kléngt. Wéi epesch den neien Album gëtt, mierkt ee schonn direkt am Intro.

Wat de Rescht vum Album ugeet, bleift et bis op e puer Ausnamen zimlech epesch, mä dozou duerno méi. Nom Intro geet et mol fir d’éischt sou richteg heavy lass mat "Erwachen", wat duerch en dreiwende massive Riff .. jo.. gedriwwe gëtt. An an enger epescher Fanfare explodéiert, déi ee sou richteg an d’Welt vun de Wikinger eranzitt. Eng phänomenal Orchestréierung gëtt et och duerno am Stéck "Katharsis", wou ee sech scho bal virkënnt, wéi am Soundtrack vun engem Fantasy Film.

Bësse méi a Richtung Power Metal geet et mat deem extrem erfreeleche Stéck "Heimat", dat duerch d’Melodien an d’Flütten net u Folklor-Charakter verléiert. Wéi den david Wagner vun den Ausname geschwat huet, huet hie vum nächsten Titel um Album geschwat, nämlech vu "Born To Be Epic". Well grad dat ass senger Meenung no dat onepeschst Stéck um Album, obwuel et dat dem Titel no awer schonn iergendwéi sollt sinn. D’Lidd an de Video sinn extrem cheesy, op d'mannst wat den Text ugeet, wahrscheinlech well hei op Englesch gesonge gëtt an dat den Däitsche wuel net hir Stäerkt ass.

Den Hook mat de Flütten ass am Endeffekt awer iergendwéi cool a bleift trotzdem am Kapp an och am Lidd "Rise Again" méi spéit um Album ass dat Englescht net sou schlëmm wéi hei.

Wa mer vu Power Metal schwätzen, musse mer awer och dat nächst Stéck erwähnen, et gëtt nämlech keen anert Stéck vun der Band, dat sou vill Power a Speed Metal Elementer huet, déi sou därmoosse mat Folklor-Melodien a Black-orientéierte Blasts geschmückt sinn, wéi "Zum Horizont".

Dat wuel eenzegaartegst an interessanst Lidd op "Armageddon" ass awer wuel Koyaaniskatsi. Mat geschwatenem Text an de Blechblosinstrumenter an d’Keyboard Melodien, déi sech widderhuelen, kënnt engem dëst Stéck vir, wéi den Héichpunkt vum Fantasy Film, an deem mer mengen eis ze befannen, wa mer den Album lauschteren.

Mat "Armageddon" hunn Equilibrium een exzellente Folk Metal Album gemaach, dee voll ass mat wonnerbare folkloristesche Melodien, enger phänomenaler Orchestréierung an Hooks, déi ee matrappen.

Playlist

Hammerfall - Legacy Of Kings (Legacy Of Kings, Iron Ltd.)

Serpentine Dominion - The Vengeance In Me (Serpentine Dominion, Metal Blade)

Entombed - The Winner Has Lost (Dead Dawn, Century Media)

Inquisition - From Chaos They Came (Bloodshed Across The Empyrean Altar Beyond The Celestial Zenith, Season Of Mist)

The Agonist - The Moment (Five, Century Media)

Vader - Prayer To The God Of War (Iron Times, Nuclear Blast)

Equilibrium - Eternal Destination (Armageddon, Nuclear Blast)

True Widow - Theurgist (Avvolgere, Relapse)

Crobot - Not For Sale (Welcome To Fat City, Nuclear Blast)

 

Rezent Emissiounen

  • Blind Guardian Twilight Orchestra

    Am Interview ass dës Kéier den Hansi Kürsch vu Blind Guardian.

  • Metal Meltdown

    Kennt dir scho Coffin Curse aus Chile oder déi international Band The Bastard Within? Nee? Da lauschtert eran.

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Metalwelt

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Welt vum Metal.

  • Shadowhispers & Asathor

    Am Interview sinn d'Shadowhispers an Asathor.

  • Kitshickers & The Majestic Unicorns From Hell

    Am Interview sinn d'Kitshickers an d'Majestic Unicorns From Hell, déi Enn dës Mounts eng Split EP erausbréngen.

  • Strigoi

    Am Interview ass de Greg Mackintosh. Riets geet iwwert säin neie Projet Strigoi.

  • Borknagar

    Am Interview ass de Frontmann vun der Progressiver Black Metal Band Borknagar.

  • Thomas Koenig

    Am Interview ass den 100,7-Philosoph Thomas Koenig, dee sech och mat Metal auserneesetzt - awer ebe philosophesch.

  • Metal Meltdown

    Am Interview ass dës Kéier de Frontmann vun Inhuman Rampage, Patrick Wagener

  • Opeth - Martin Axenrot

    Am Interview ass den Drummer vun Opeth, de Martin Axenrot.

  • Metal Meltdown

    Aktuelles aus der Welt vum Metal

  • Metal Meltdown

    Neie Metal an der haartster Sendung vun der Woch

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Welt vun de méi haarden Téin

  • Suicidal Angels

    Am Interview dës Woch: De Frontmann vun de Suicidal Angels, Nick Melissourgos.

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen