Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Mënschen traueren um Begriefnis vum Islam Karimov zu Samarkand

Muecht a Politik am Usbekistan

D’Geschicht vum Usbekistan no der Sowjetunioun an déi vum Islam Karimov sinn enk matenee verbonnen. Scho viru 1991 war den Islam Karimov Chef vum Usbekistan. An den éischte Joren no der Onofhängegkeet vun der usbekescher Republik sinn Zivilgesellschaft an Oppositioun dovunner ofgeschreckt ginn, um politesche Liewen ze partizipéieren. Mënscherechtsorganisatiounen denoncéieren haut de regelméissegen Asaz vu Folter, Zwangsaarbecht an eng Kultur vum Schweigen déi et schwiereg mécht, gutt Informatiounen iwwert d’Land ze kréien. Mee den Usbekistan bléift e wichtege Partner vun den USA, déi d’Land als Transitzon ugesi fir hir militäresch Agrëff an der Regioun. D’EU huet nëmme wéineg mam Land ze dinn, schéckt awer Entwécklungsgelder an den Usbekistan. Legitiméiert d’EU doduercher den usbekesche Regime? D’Fro vun der Successioun vum Islam Karimov stëllt sech kaum. De Geheimdéngscht an déi aktuell politesch Elite wäerte weiderhin d’Kontroll iwwert d’Land behalen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen