Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Mënschen traueren um Begriefnis vum Islam Karimov zu Samarkand

Muecht a Politik am Usbekistan

D’Geschicht vum Usbekistan no der Sowjetunioun an déi vum Islam Karimov sinn enk matenee verbonnen. Scho viru 1991 war den Islam Karimov Chef vum Usbekistan. An den éischte Joren no der Onofhängegkeet vun der usbekescher Republik sinn Zivilgesellschaft an Oppositioun dovunner ofgeschreckt ginn, um politesche Liewen ze partizipéieren. Mënscherechtsorganisatiounen denoncéieren haut de regelméissegen Asaz vu Folter, Zwangsaarbecht an eng Kultur vum Schweigen déi et schwiereg mécht, gutt Informatiounen iwwert d’Land ze kréien. Mee den Usbekistan bléift e wichtege Partner vun den USA, déi d’Land als Transitzon ugesi fir hir militäresch Agrëff an der Regioun. D’EU huet nëmme wéineg mam Land ze dinn, schéckt awer Entwécklungsgelder an den Usbekistan. Legitiméiert d’EU doduercher den usbekesche Regime? D’Fro vun der Successioun vum Islam Karimov stëllt sech kaum. De Geheimdéngscht an déi aktuell politesch Elite wäerte weiderhin d’Kontroll iwwert d’Land behalen.

Rezent Emissiounen

  • Ethiopien

    Dat afrikanescht Land ass zënter Oktober am Ausnamezoustand. Onzefriddenheeten an der Bevëlkerung hunn d'Regierung, no Protestaktiounen, zu dësem Mëttel gräife gelooss.

  • Klimamigratiounen

    En unerkannt Phänomen, mee vill Froe ronderëm d'Gestioun an d'Protectioun.

  • D'"Schwäiz vun Zentralamerika"

    Wéi engen Defië steet Costa Rica haut géigeniwwer?

  • Afrika: dem informelle Sektor de Krich erkläert?

    Ass den informelle Secteur de Problem vun afrikanesche Länner?

  • Politesch Kris am Kongo (RDC)

    Am Kongo ass dem Joseph Kabila säin zweet a lescht Mandat ofgelaf.

  • De Kaschmirkonflikt

    Am Juli 2016 war eng nei Well vu Gewalt am Kaschmir ausgebrach. Ëm déi 100 Doudeger, Ziviller, sollen zënterhier ze bekloe sinn.

  • Waffeverkeef a Waffeproduktioun am Joer 2016. E Réckbléck

    Wéi eng waren déi wichtegst Entwécklungen am Beräich vun der Oprüstung am Joer 2016 a wat kënnt an den nächste Joren op eis duer?

  • Ressourcen: Land

    Op ville Plazen an der Welt rutscht d'Land sengen traditionelle Besëtzer, de Baueren, aus der Hand.

  • Reliéis Tensiounen an Egypten

    D’koptesch Gemeinschaft zu Kairo ass Affer vun engem Attentat ginn, zu deem sech den IS bekannt huet.

  • D' Geschäft mam Land

    Op ville Plazen an der Welt rutscht Land sengen traditionelle Besëtzer, de Baueren, aus der Hand.

  • D'Interessekonflikter vum Donald Trump

    As den Donald Trump bereet, d'Interessi vun der Natioun viru sengen eegene Geschäfter am Ausland ze verdeedegen? 

  • Coca: Eng kontrovers Planz

    D'Coca-Planz ass den Ausléiser vun engem globale Krich, dee scho zënter méi wéi 100 Joer undauert.

  • D'Zuel vun den Affer vu Minne klëmmt

    De rezente Rapport vum Observatoire des Mines stellt fest, datt d'Zuel vun den Affer vu Minnen oder Reschter vu Sprengkierperen nees an d'Luucht geet.

  • Ressource Opium

    Afghanistan dominéiert zënter méi wéi 10 Joer de Weltmaart fir Opium. D'Geschicht vum Opium am Afghanistan ass enk mat der Militariséierung vum Land verbonnen.

  • Elittekrich am Jemen

    D'Zivilbevëlkerung am Jemen bezilt en ëmmer méi héije Präis fir de Krich tëscht de jemeniteschen Elitten, Saudi-Arabien an dem Iran.

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen