Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Equilibrium & Opeth

Equilibrium

Den David Wagner huet d'Band virdrun net sou gutt kannt, hat sech dofir méi Notize geaach wéi soss, ma am Endeffekt ass d’Gespréich ganz natierlech verlaf an hien huet déi Froen, déi en eigentlech stelle wollt, guer net gestallt. Ass awer net dramatesch, mam Robse vun Equilibrium huet hien um Wacken trotzdem iwwert hiren neien Album geschwat, wéi deen een oder anere Line-up Wiessel den Album beaflosst huet, oder wéi et hinnen eigenlech méiglech ass, mat däitschen Texter och a Japan Erfolleg ze hunn.

Album vun der Woch: Opeth - Sorceress (9/10)

"Sorceress" heescht dat gutt Stéck, haut koum et via Nuclear Blast eraus. A mat deem Album ass et esou, wéi een anere Reviewer et beschriwwen huet: Et ass sou wéi mat engem gudde Wäin, dee seng Zäit brauch, fir gutt ze ginn. D’selwecht wéi och well op "Heritage" a "Pale Communion" gëtt et op "Sorceress" wéineg Stécker, déi wierklech vun Ufank un hänke bleiwen. Déi, déi relativ liicht ze verdaue sinn, sinn déi Stécker, déi well am Virfeld verëffentlecht goufen, notamment de schwéieren a schleefenden Titeltrack "Sorceress", de Jethro Tullegen "Will O The Wisp" an och "The Wilde Flowers", dat an der "Sorceress" Manéier zimlech heavy ass. Beim ganze Rescht brauch een defintiv e puer Duerchleef, bis een nees dem Mikael Akerfeldt seng Grandiositéit an d’Epeschheet vum Album erkenne kann.

Heavy ass eigentlech och dat Stéchwuert, wat wéi e roude Fuedem duerch de ganzen Album zitt. Zwar gëtt et op "Sorceress" alt nees just clean Vocals an Opeth experimentéieren nach ëmmer extrem vill mat Dynamik, luese Passagen, déi éischter u Storm Corrosion erënneren, Harmonien an dem typesche 70s psychedelesche Prog Rock, ma den Heaviness Level hunn d’Schweden op "Sorceress" am Verglach mat den zwee Virgänger nach emol eropgeschrauft, sou z.B. am Track "Era" oder "Chrysalis" oder "Strange Brew".

A wann "Heritage" nach méi wéi Protest géint den traditionellen Death Metal oder géint alles, wat si fréier gemaach hunn, geklongen huet, deen awer nach net ganz ausgeräift war, sou fënnt een, wat sech Opeth ëmmer méi weider entwéckelen, awer och ëmmer méi nees déi méi traditionell Opeth Elementer zréck, wéi se och well fréier benotzt goufen, an doduerch entsteet trotz dem 70s Stil e Vibe, wéi op de fréieren Death Metal Albumen. Nieft der Heaviness sinn et och déi Aspekter, déi dësen Album nach e Stéck besser maachen, wéi déi zwee Virgänger.

A wéi ëmmer iwwerzeegen Opeth, ähnlech wéi aner Progressive Bands an där Gréisstenuerdnung, duerch hir gefillvoll Leads a Kreativitéit, wann et drëms geet, Harmonie mateneen ze verbannen, oder einfach vill Spuren esou mateneen ze kombinéieren, datt et Sënn mécht an e wonnerbare Bouquet Musek entsteet.

A mat "The Seventh Sojourn" gëtt et op Sorceress och nees en instrumentaalt Stéck a gläichzäiteg Material, wat an eng bësse méi orientalesch Richtung geet, a wat mech bëssen un "Atonement" erënnert.

"Sorceress" ass, mengt den David Wagner, deen Album, ob deem sech d’Band endlech och an hirem bësse méi neie Stil selwer richteg fonnt huet. Et wäert wuel ni säi Lieblingsalbum vun Opeth ginn, awer et ass am Moment trotzdem een, deen hien erop an erof lauschtert. Vun dësem kann een defintiv soen “Wann Opeth drop steet, dann ass och Opeth dran.” An och wann en net grad un "Transcendence" vum Devin Townsend Project erukënnt, sou ass och "Sorceress" vun Opeth e Meeschterwierk an definitiv an den Top 5 vun de beschten Albummen 2016.

Playlist

Entombed - Demon (Wolverine Blues; Earache; 1993)
Obituary - Intoxicated (Live) (Ten Thousand Ways To Die; Relapse; 2016)
Equilibrium - Eternal Destination (Armageddon; Nuclear Blast; 2016)
Dark Tranquillity - The Pitiless (Atoma; Century Media; 2016)
Hammerfall - Hammer High (Built To Last; Napalm; 2016)
Asphyx - Forerunners Of The Apocalypse (Incoming Death; Century Media; 2016)
Opeth - Chrysalis (Sorceress; Nuclear Blast; 2016)
Amon Amarth - Raise Your Horns (Jomsviking; Metal Blade; 2016)
Metallica - Moth Into Flame (Hardwired... To Sef-Destruct; Blackened; 2016)

 

 

Rezent Emissiounen

  • Shadowhispers & Asathor

    Am Interview sinn d'Shadowhispers an Asathor.

  • Kitshickers & The Majestic Unicorns From Hell

    Am Interview sinn d'Kitshickers an d'Majestic Unicorns From Hell, déi Enn dës Mounts eng Split EP erausbréngen.

  • Strigoi

    Am Interview ass de Greg Mackintosh. Riets geet iwwert säin neie Projet Strigoi.

  • Borknagar

    Am Interview ass de Frontmann vun der Progressiver Black Metal Band Borknagar.

  • Thomas Koenig

    Am Interview ass den 100,7-Philosoph Thomas Koenig, dee sech och mat Metal auserneesetzt - awer ebe philosophesch.

  • Metal Meltdown

    Am Interview ass dës Kéier de Frontmann vun Inhuman Rampage, Patrick Wagener

  • Opeth - Martin Axenrot

    Am Interview ass den Drummer vun Opeth, de Martin Axenrot.

  • Metal Meltdown

    Aktuelles aus der Welt vum Metal

  • Metal Meltdown

    Neie Metal an der haartster Sendung vun der Woch

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Welt vun de méi haarden Téin

  • Suicidal Angels

    Am Interview dës Woch: De Frontmann vun de Suicidal Angels, Nick Melissourgos.

  • Entombed A.D.

    Dës Kéier am Interview ass de charismatesche Frontmann vun Entombed AD, d'Death Metal Legend LG Petrov.

  • Opeth - Martin Méndez

    Am Interview ass de Bassist vun Opeth, de Martin Méndez. Och hei geet et natierlech virun allem ëm den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Opeth - Mikael Åkerfeldt

    Am Interview ass de Mastermind vun Opeth, de Mikael Åkerfeldt. Et geet virun allem rieds iwwer den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Thousand Lakes

    Am Mëttelpunkt steet deen neien Album vu Thousand Lakes. Am Interview sinn dofir de Gittarist Jerome an de Sänger Rony.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen