Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Den Hierscht

D'Blieder wiesselen hir Faarf, d'Deeg ginn erëm méi kuerz an d'Temperature fale lues a lues: Den Hierscht, dee wéinst senger eenzegaarteger Stëmmung dacks als "zauberhaft" bezeechent gouf, huet vill Komponisten Inspiréiert. De Luc Boentges kuckt, wéi d'Komponisten d'Stëmmung vum Hierscht an hire Stécker agefaangen hunn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen