Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit.

Cyrus Neshvad

Interview mam Cineast Cyrus Neshvad

De Cyrus Neshvad, Lëtzebuerger Cineast mat iraneschen Originen, kritt op Internationale Festivaler vill Präisser fir seng Kuerzfilmer. 19 Auszeechnunge goufen et bis elo fir "Antoine", mam Max Putz an Annette Schlechter, iwwert eng eeler Koppel, déi kaum nach Kontakt mat hirem erwuessene Jong huet. Dee rezentste Film, "Fils", mam Hervé Sogne a Brigitte Urhausen, erzielt vun enger Koppel, där hire klenge Bouf no engem Accident am Koma läit. De Papp refuséiert, datt d'Maschinnen, déi d'Kand nach sou just um Liewen halen, ofgeschalt ginn. Am Interview erkläert de Cyrus Neshvad, deen als Kand mat senger Famill aus dem Iran geflücht ass, wéi hie seng Filmer krééiert. D'Cléo Thoma féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen