Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Wacken, Asphyx, Scarlet Anger & Desdemonia

Wacken Open Air

De Wacken ass zënter Jore well de gréisste Metalfestival vun der Welt. Bal 80.000 Fans sinn all Joer am Norde vun Däitschland an d’Duerf ass am Ausnamezoustand. Do donieft hunn d’Organisateuren am Laf vun de Joren weider Festivalen op d’Bee gestallt. Wéi d’Zukunft vum Wacken ausgesäit a wat e Fliger mat engem zukünftege Projet vun de Wacken Leit ze dinn huet, héiert Dir am Interview mam Chef vum Wacken, dem Thomas Jenssen.

Album vun der Woch: Asphyx - Incoming Death (7,5/10)

"Incoming Death" ass den éischten Album vun den Hollänner, ouni den Drummer a Grënnungsmember Bob Bagchus, deen och en Haaptsongwriter war. De gréissten Deel vum Songwriting kënnt op dësem Album deemno vum Gittarist Paul Baayens. An dat mierkt een och, och wann hiren neien Drummer Stefan Hüskens säi Bescht mécht, net ze vill anescht ze kléngen, a Bagchus ähnlech Fills ëmzesetzen. Datt de fréieren Drummer net méi dobäi ass an de Songwriting virun allem vum Baayens kënnt, héiert ee virun allem dorunner, datt verschidde Saachen einfach méi wéi Hail Of Bullets kléngen, wéi no Asphyx, wou de Baayens jo och spillt. Sou z.B. bei "A Grand Denial", "Forerunners Of The Apocalypse" oder och am Closer vum Album "Death: The Only Immortal".

Glécklecherweis ass awer och "Incoming Death" zimlech typescht mid-tempo heavy Asphyx Material, wat duerch déi geleeëntlech Geschwindegkeet awer och mol ofrappe kann an duerch vereenzelt Doom Passagë räich un Atmosphär ass, wéi z.B. am beschten Doom Stéck um Album "Subterra Incognita".

Den Titeltrack, deen der jo scho kennt, ass quasi en "Deathhammer" 2.0, e kuerze, catchy a crustege Song, dee live bestëmmt immens gutt goe wäert. "It Came From The Skies" ass Asphyx at their best: gäil Riffer, déi och bëssen thrashesch sinn an u "Last One On Earth" erënneren a Vocals vum Martin van Drunen, déi wéi ëmmer hysteresch verzeifelt kléngen.

Bësse méi oldschool a bësse méi séieren Asphyx gëtt et dann nees am Stéck "Wildland Fire", wou sech déi ganz Band op ganz héijem Niveau befënnt.

Richteg gutt ass iwwregens och d’Produktioun vun "Incoming Death", fir déi och dës Kéier nees de Mastermind Dan Swanö verantwortlech war. Am Géigesaz zum leschten Album kléngt op "Incoming Death" awer carrément ALLES massiv, dem Hüskens seng Drums knuppe richteg, dem Baayens seng Gittare si kloer an awer brutal, de Alwin Zuur säi Bass ass vill méi kloer erauszehéiere wéi soss, an dem van Drunen seng Vocals sinn on point.

"Incoming Death" ass e richteg fetten a gudden Death/Doom Album, allerdéngs hätt ech mir bësse manner Hail of Bullets gewënscht. Och wann hien déi Band gär hunn, wëll ech vun Asphyx jo awer schliisslech Asphyx héieren.

Scarlet Anger

Fir hiert Lidd "The Abominable Master Gruesome" hu Scarlet Anger de 24. September um Anger Fest an der Kufa den offizielle Musekvideo presentéiert a mëttlerweil hu si de Video och op Youtube verëffentlecht.

 

Desdemonia

Eng weider Lëtzebuerger Band, déi an der lescht puer Videoen erausbruecht huet, ass Desdemonia. Vun hirem Concert an der Kufa de 24. September hu si e multi-cam Zesummeschnëtt vun hirem Lidd "Overload" gemaach a virun e puer Méint hu si en offizielle Musek Video fir "Symbiosis" erausbruecht.

Playlist

Kreator - Flag Of Hate (Flag Of Hate; Noise International; 1986)

Scarlet Anger - The Abominable Master Gruesome (Freakshow; Hänsel und Gretel; 2016)

Triptykon - Obscured (Live @ Wacken) (Monotheist; Century Media; 2006)

Devilment - Under The Thunder (Devilment II: The Mephisto Waltzes; Nuclear Blast; 2016)

Asphyx - Wardroid (Incoming Death; Century Media; 2016)

Apophys - Ego (Prime Incursion; Metal Blade; 2015)

Desdemonia - Overload (Existence; Indepentand; 2010)

Trivium - Desd And Gone (Silence In The Snow; Roadrunner; 2015)

Korn - A Different World (The Serenety Of Suffering; Roadrunner; 2016)

Rezent Emissiounen

  • Shadowhispers & Asathor

    Am Interview sinn d'Shadowhispers an Asathor.

  • Kitshickers & The Majestic Unicorns From Hell

    Am Interview sinn d'Kitshickers an d'Majestic Unicorns From Hell, déi Enn dës Mounts eng Split EP erausbréngen.

  • Strigoi

    Am Interview ass de Greg Mackintosh. Riets geet iwwert säin neie Projet Strigoi.

  • Borknagar

    Am Interview ass de Frontmann vun der Progressiver Black Metal Band Borknagar.

  • Thomas Koenig

    Am Interview ass den 100,7-Philosoph Thomas Koenig, dee sech och mat Metal auserneesetzt - awer ebe philosophesch.

  • Metal Meltdown

    Am Interview ass dës Kéier de Frontmann vun Inhuman Rampage, Patrick Wagener

  • Opeth - Martin Axenrot

    Am Interview ass den Drummer vun Opeth, de Martin Axenrot.

  • Metal Meltdown

    Aktuelles aus der Welt vum Metal

  • Metal Meltdown

    Neie Metal an der haartster Sendung vun der Woch

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Welt vun de méi haarden Téin

  • Suicidal Angels

    Am Interview dës Woch: De Frontmann vun de Suicidal Angels, Nick Melissourgos.

  • Entombed A.D.

    Dës Kéier am Interview ass de charismatesche Frontmann vun Entombed AD, d'Death Metal Legend LG Petrov.

  • Opeth - Martin Méndez

    Am Interview ass de Bassist vun Opeth, de Martin Méndez. Och hei geet et natierlech virun allem ëm den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Opeth - Mikael Åkerfeldt

    Am Interview ass de Mastermind vun Opeth, de Mikael Åkerfeldt. Et geet virun allem rieds iwwer den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Thousand Lakes

    Am Mëttelpunkt steet deen neien Album vu Thousand Lakes. Am Interview sinn dofir de Gittarist Jerome an de Sänger Rony.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen