Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Populär Musek als Kommunikatiounsmëttel

An enger Dokumentatioun, mat zum Deel historeschen Toun-Dokumenter, Musek, Génériquen a Jingele beliicht de Carlo Link chronologesch d’Entwécklung vum Radio. Den Akzent läit op der Zäit, an där sech déi populär Musek duerch de Radio am europäesche Raum verbreet huet. Net all ëffentlech-rechtleche Sender hat deemools de Courage, op deem Wee matzegoen. Thematiséiert ginn 1950er bis 70er Joren, an deenen ë.a. och déi sougenannten Offshore-Radioen, gemengt sinn d’Pirate-Sender, déi vum Mier aus a Richtung Land gesent hunn, an der Musekszeen matgemëscht haten.  

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen