Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Komponisten iwwer Komponisten

Nieft fairer Konkurrenz a Rivalitéit hu sech vill Komponisten dacks beleidegend iwwer hir Kollegen ausgedréckt oder si carrement iwwer si hiergefall.

"Ein purer Dilettant, krank von Anbeginn", sou huet de Richard Strauss den Hugo Wolf bezeechent. Wéi a ville Situatioune vum Liewen waren och d'Relatiounen tëschent Musekerkollegen dacks alles anescht wéi diplomatesch. De Georges Kohnen proposéiert e klenge Panorama vun iwwerliwwerten an amusante Beleidegungen. (1. Deel: 18.9.)

Playlist:

- Hugo Wolf: Auch kleine Dinge

- Richard Strauss: Eine Alpensinfonie (Extrait)

- Dmitri Shostakovich: Leningrader Symphonie: 4. Allegro non troppo

- Béla Bartók: String Quartet No. 1 Op. 7: I. Lento - attaca

- Pyotr Tchaikovsky: Undine (Ouverture)

- Hector Berlioz: Waverly Op. 1 (Ouverture)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen