Humanities Talk

Danièle Wecker

D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbicher.

"Humanities Talk" ass e Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften. An deem Labo ginn et keng Mikroskopen, mä Dictionnairen, Bichertierm a Computermoniteuren, Kameraen an Opnamegeräter. A matzen dra sëtze Leit, déi mat detektiveschem Äifer déi Spuren analyséieren, déi d'Mënschheet hannerléisst.

Eng Kéier am Mount trëfft d'Danièle Wecker um radio 100,7 Leit aus der Welt vun de Humanities, a kënnt mat hinnen an d'Gespréich iwwert hir aktuell Projeten.

Eng privat Recherche zur Juddendeportatioun

Viru 75 Joer ass deen éischten Deportatiounszuch vu Lëtzebuerg fortgaangen. Ënnert den Deportéierte war och dem Marc Cukier seng Famill. Haut sicht hien no hire Spueren. D'Renée Wagener schwätzt mat him iwwer seng Recherche.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen