
JRRIUE
De jonke Zeenarist Frédéric Zeimet huet am Hierscht 2015 mat sengem Manuskript JRRIUE déi éischt Editioun vum 100,7 Radiopräis gewonnen. Den Titel ass arabesch a bedeit souvill wéi Laf fort! D’Radiospill gräift d'Thematik vun der aktueller Flüchtlingskris op. Den Auteur beschreift e Zeenario an deem e Grupp vu Refugiéen, déi net méi vun den Duerfbewunner toleréiert ginn, an de Bësch flüchten. D'Wierk weist, wéi séier Angscht zu engem Ausléiser vu Gewalt ka ginn a Mënsche géinteneen opbrénge kann.
Regie: Claude Mangen.
D’Hörspill gouf realiséiert bei LinsterStudios zu Fréiseng ënner der technescher Leedung vum Ken Nnganjadi.