Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

"Oekostroum Weiler": den neie Wandpark am Norde vum Land

"Oekostroum Weiler" heescht d'Firma, déi an der Wëntger Gemeng, uewenaus am Éislek dee gréisste Wandpark vum Land opriicht. Administrateur vun der Lëtzebuerger Societéit ass de Frank Muller, deen zanter der Iddi, dem Konzept bis bei d'Realisatioun fir dee ganze Projet zoustänneg ass.

Rezent Emissiounen

  • Cannabis fir medezinesch an therapeutesch Zwecker

    D'Chamber huet eestëmmeg d'Gesetz ugeholl, mat deem de legale Kader festgeluecht gëtt.

  • D'ACL Revendicatiounen am Virfeld vun den nächste Chamberwahlen

    Den Automobil Club bréngt et op de Punkt: Un der Situatioun op eise Stroossen a virun allem op den Autobunne muss eppes changéieren!

  • Aktuelles

    Sechs jonk Politikerinnen a Politiker hu beim "Public Forum" mat Vertrieder aus der Chamber a Regierung diskutéiert.

  • Inauguratioun vum Bureau ESERO Luxembourg

    Gëschter Dënschdeg (26.6.) gouf den European Space Education Resource Office zu Déifferdeng am Science Center virgestallt.

  • Solidarwirtschaft

    Wéi dynamesch de Secteur déi lescht fënnef Joer war a wou d'Opportunitéite fir d'Zukunft sinn, doriwwer hunn d'Acteure gëschter op enger Konferenz zu Iechternach diskutéiert.

  • D'Cochy Campagne "D'Sau huet es genuch!"

    "Fir eng fair Präispolitik fir de Bauer", fuerdert d'Association pour la promotion de la marque nationale de la viande de porc (Cochy).

  • Info-Owend iwwer Nuetsflich um Findel

    "Fir eng besser Nuetsrou um Findel": esou war en Diskussiounsowend mam gréngen Nohaltegkeetsminister François Bausch gëschter Owend um Cents iwwerschriwwen.

  • Déi nei Versioun vu guichet.lu ass online

    Firwat ass déi nei Versioun vum Site guichet.lu néideg gewiescht? Den Direkter vum Centre des Technologies de l'Information de l'État gëtt Explikatiounen.

  • Kritik vu Chambre de Commerce zu Mini-Crèchen

    D'Chambre de Commerce fäert, datt d'Qualitéit vun der Kannerbetreiung duerch d'Mini-Crèchë méi schlecht gëtt an datt e System vun zwou Vitessen entsteet.

  • Walmeeting déi Lénk

    Mam Slogan "Engagéiert fir Verännerung" hunn déi Lénk gëschter Owend als éischt Partei hire Programm fir d'Chamberwale presentéiert.

  • OPEC-Sommet zu Wien

    Zu Wien kommen haut d'OPEC-Staaten zesummen, fir iwwer den zukünftegen Niveau vun der weltwäiter Pëtrolsproduktioun ze diskutéieren. 

  • Omega 90 huet de Rapport annuel 2017 presentéiert

    2017 war en dynamescht an aktiivt Joer fir d'Associatioun. An alle véier Servicer goufen Hausse registréiert, virun allem bei de Consultatiounen an am Haus Omega.

  • Presentatioun vum neie Verfassungstext

    Gëscht ass dee Verfassungstext virgestallt ginn, op deen d'Chamber sech no jorelaangen Diskussioune politesch gëeenegt huet.

  • 30 Joer HIV Berodung vum Lëtzebuerger Roude Kräiz

    An den dräi Joerzéngten huet sech villes geännert, souwuel an der Missioun an an der Aarbecht vun der HIV-Berodung, wéi och an den Traitementer vun der Infektioun.

  • EU-Agrarpolitik: PAC post-2020

    An de Reformpläng fir d'Agrarpolitik no 2020 si massiv Budgetskierzunge virgesinn, anerersäits awer och méi Oploen a Saache Klima- an Ëmweltschutz.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen