Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Digital Inclusion

Haut presentéiere mir iech beim Café scientifique kee Fuerschungs-Projet vun der Uni, mee eng Initiative, déi am gaangen ass, Schoul ze maachen: “Digital Inclusion”. Stéchwuert Krichsrefugiéen. No hirer Odyssee duerch Europa, hirer Arrivée zu Lëtzebuerg, dem Ofdecke vun den elementare Besoinen, ass fir vill Flüchtlingen en diffust Waarden ugaangen. En IT-Ingénieur an eng Soziologin hunn doropshin “Digital Inclusion” an d’Liewe geruff. D’Kerstin Thalau wollt méi doriwwer gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

  • En FNR-Award fir de Ben Thuy

    De Paläontolog Ben Thuy studéiert 250 Millioune Joer al Fossilie fir doraus Konklusioune fir den Erhalt vun der Biodiversitéit ze zéien.

  • Formafantasma an d'Roll vun der Recherche

    "Den Numm vum Designer-Duo aus Italien steet fir "Geeschterform", well d'Form fir déi zwee net d'Haaptroll spillt.

  • En ERC-Grant fir d'Anja Leist

    Demenz ass kee populären Thema. E positiivt Zeechen also, datt den EU-Fuerscherrot d'Dokter Anja Leist an hirer Demenz-Fuerschung ënnerstëtzt.

  • Kënschtlech Intelligenz

    E Beräich, an deem et vill Angscht a Viruerteeler gëtt an an deem et méi Opklärung bräicht.

  • Den Alexandre Saint an den 3D-Scan

    Den Alexandre Saint mécht am Optrag vun der Uni 3D-Kierper-Scannen, fir fir d'Medezin oder Animatiounsfilmer Computermodeller ze entwéckelen.

  • D'Clio Van Aerde ass "on line"

    D'Kënschtlerin Clio Van Aerde geet während engem Mount zu Fouss d'Linn vun der lëtzebuergescher Grenz of a nennt hir Performance "on line".

  • D'HPV-Vaccinatioun zu Lëtzebuerg huet méi Zoulaf wéi geduecht

    Déi human Papilloma-Vire sinn an den 1970er fir d'éischt beschriwwe ginn. 50 Joer ginn net duer, fir eng Krankheet bekannt ze maachen.

  • Een unexpected treasure?

    Vu Marsrank bis Herkules-Fresko: an der gallo-réimescher Villa vu Schieren ginn zanter 2007 wichteg archeologesch Decouvertë gemaach.

  • Metamorphosen der Epilepsie, eng Analys vum Dieter Heimböckel

    De Philolog beschäftegt sech mam erstaunleche Sujet Epilepsie an der Literatur a wat mir doraus léiere kënnen.

  • De Jens Kreisel dréint net am Krees

    Vun der Rentrée 2018/ 2019 u kritt d'Uni Lëtzebuerg en neie Vice-Recteur fir Recherche an Innovatioun: de Materialfuerscher Jens Kreisel.

  • Epigenetik an der Schwangerschaft

    An der Schwangerschaft ass en Embryo ënnerschiddlechen Aflëss vu baussen ausgesat. An deem Kontext gëtt d'Epigenetik haut ëmmer méi wichteg.

  • Wat si Grenzen?

    Grenzen existéieren net vu sech aus, mä entstinn éischter aus enger Partie vu sozialen, kulturellen oder materielle Facteuren.

  • De kënschtlechen Daarm Humix

    Fir d'Entwéckele vum kënschtlechen Daarm Humix goufen de Paul Wilmes a säi Fuerscherteam vum LCSB direkt e puermol ausgezeechent.

  • Den Nobelpräis Laureat Jules Hoffmann

    2011 ass de gebiertegen Iechternacher Jules Hoffmann mam Nobelpräis ausgezeechent ginn. Säi Spezialgebitt: d'Defense vum Immunsystem.

  • Rapid Entwécklunge bei de Border studies

    Am neien EU-Zentrum fir Grenzraumfuerschung sollen d'Border studies vu sechs Unien aus der Groussregioun visibel an accessibel gemaach ginn.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen